Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Childhood

 
Childhood
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.01.2010
  • Gekuckt:
    23727
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/25 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    25 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x536
  • Späicherplaz:
    353 KB
  • Originaldatum:
    2010:01:13 20:13:17
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1000D
  • Programm:
    Unknown: 0
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=41905]
Kommentar vum Fotograf:
Ech wees dass dess Foto staark no enger Werbung ausgesait,as se o deelweis,mee jo,mengen nutella huet jiddereen fun eis mam Leffel gescheppt wou en nach kleng war :D
Hoffen d Foto gefällt =) an freen mej iwwer all verbesserungsvirschlei dei deen hannergrond betreffen... kruut dei blöd Huss net sou retoucheiert dass se NET no Huss ausgesait ouni dass d meedchen agepescht ausgesait...een dilemma =S daat kennt dofun wann een während da aarbecht nt oppasst -.-
Kleent 13.01.2010 - 20:37
Also ech maan daat och nach haut smile

Fannen d'Foto wierklech gudd! Wier just flott gewierscht wann d'Meedchen uewen um Kapp net oofgeschnidde wier... soss tiptop smile
Gaga 13.01.2010 - 20:53
gefällt mer ganz gut, t'huss steiert guer net !
eenzegt klengt detail : dei streiff fum läffel um nutella, entweder hallef eidel oder ganz voll wier besser mengen ech, an der werbung as naischt zoufall, d.h. ech fannen et muss ganz kloer an deitlech sin : eng perfekt onberouert sach oder eng dei wierklech kloer an deitlech "ausgeläffelt" as ...
evtl och t'luucht net sou hart op den nutella, deen as lenks e bessen stark reflekteierend, mais do wrden ech op eisen luuchtenspezialist ... !
am ganzen awer ganz flott foto !

gloda 13.01.2010 - 21:24
Wier menger Menung no viiiil besser gin wann den Hannergrond ewech bliwwe wier an een eng Kichen oder sou gesin hätt. D'Luucht as gudd, d'Dàifteschärft as flott, d'Expressioun um Gesiit bréngt d'Iddi riwwer, d'Schrëft as an der Rei (wier vläit besser am Schiet) an den Kadrage as tiptop. Mee dat Leinduch hëllt der Foto déi ganz "Authentizitéit".
klex 13.01.2010 - 23:24
Gin dem Gloda räscht mam Hannergrond. D'Fuarwen, den Ausdrock vum Kand ass alles top! Fannen awer dat eng aaner Schreft besser gepasst hät. Eng Serif (mat empattementer ''Féisescher'') wirkt meechtens aalmoudesch an representéiert net dat Wuert ''Childhood''! D'Typo vun ''Nutella'' um Deppschen selwer well bessen de nemmlechte Message eriwwerbrénge, an do kennt et gudd eriwwer mat der Schrëft déi se benotzt hun.
gloda 14.01.2010 - 00:00
Hm... ech sin net sëcher.
Serif -> Nostalgie, almoudesch -> childhood. ("Ah, deemols wou mer der stiichte konnten."
Sans-serif -> Dynamik, modern -> childhood! ("Ah wat déi der stiichten." )
Hänkt vum Message of, se klappen mengen ech béid well béid Messagen passe kéinten.
klex 14.01.2010 - 00:20
Sans Serif (Beispill Helvetica) ass ongeféiert deen Datum populär gin wi Nutella, an den 1950'er. Dofir huelen se Sans Serif fir de Retro look, d'Nostalgie vun deemols, an di ass enner aanerem haut awer rem modern wis du sees, genau sou wi Brëller aus de 50'er mat breede Rummen rem an der moud sin smile An Nutella ass net ''Light'' mee éichter Bold a Fett bigsmile
Mee Serif, wi z.B Garamond kent aus enger aanerer Epoch an get net d'Image vu Nutella rem.
Ka sin dat de message vun der Foto vum freijar anescht ass wi dee vum Produkt, mee wann et eng Produktfoto soll sin dan passt et net. Net firnaischt hellt Nutella di retro serif typo di se huelen.
gloda 14.01.2010 - 00:30
Ok, do hues de Recht!
klex 14.01.2010 - 01:02
Also wolt mech lo net drop behapten, wolt just erklären firwat ech dat geschriwen hat, also wéi ech et gemengt haat dat et kéint sin :/
Gaga 14.01.2010 - 08:28
interessant wei weit een kann iwert een Font philosopheieren !bigsmile
gloda 14.01.2010 - 10:53
Jojo, déng Erklärung huet just méi Sënn gema wéi méng fannen ech.
ChLo 15.01.2010 - 11:16
Lecker smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 665 Gäscht online