Den Schnéi an den Bokeh Beräicher stéiert mech. Ech duecht ee Moment, maach se schwarzwäiss dann as et nëmmen nach hallef sou wëll, mee dann verléiers de déi wierklech impressionant Faarwen. Vläit hëlleft nach en bëssen NR Software?
Ahjo, déi 4. fannen ech schlecht wat den Bildopbau ugeet, deen klappt bei den éischten dräi vill besser. Méi dynamesch a kloer.
Jo bei dr 4ter haat ech wierklech e bessen Probleemer wei ech se kadreieren sollt, daat hai war nach dei wou mer herno am beschten gefall huet. Hues du keng Idi wei een et anescht keint maachen?
Mam Rauschen... daat steiert mech eigentlech bal nie, dovier gesin ech daat net sou. Wans de natierlech en Vollformat-Sensor gewinnt bas, dan ass et schon vill.
Di éischt fannen ech och am 2. beschten, hun di 3. awer léier hm well mer d Compositioun besser gefällt, mengen se passt souguer relativ gudd an d drettel Schema. Se huet méi Déift doduerch das einfach méi am Bild as. Et fennt een méi verschidden Formen am Bild an d as eng gudd Balance. Fier mech einfach als ganzt méi harmonesch.