Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Philharmonie

 
All Fotoen an dëser Serie:
3638 Thumbnail
3639 Thumbnail
3640 Thumbnail
Philharmonie
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.11.2009
  • Gekuckt:
    29687
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
    20/11/2009
  • Fotoapparat:
    Nikon D 700
  • Objektiv:
    Nikon AF-S 24-70 mm 1:2,8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:
Stativ, DRI 9 Photoen pro Bild

Fir anzesetzen: [pg_img=40994]
Kommentar vum Fotograf:
Vu dass den Site schons sou oft fotograféiert gin ass, ass all Ähnlechkeet mat bestehenden Fotoen net gewollt.
Le site ayant été photographié tellement souvent, toute ressemblance avec une photo déjà existante n'est pas voulu.

War alt zoufälleg an der Staat, an hu mer geduecht da man ech der alt och nach e puer :-)
deBaemm 23.11.2009 - 21:14
ganz flott gefällt mer gudd smile wann ech elo eppes misst soen waat mer net sugudd gefällt wier et dass se vläit gaaaaaanz liicht iwwersaturéiert sin, mee bon klengegkeet an affaire de gout closed_eye
ludiol 24.11.2009 - 06:59
Villmols Merci, Ech hun se och nach eng Kéier manner saturéiert, me mir huet di do Variant besser gefall. Wéis de sees Affaire de Goût.
Gaga 23.11.2009 - 22:49
1. super vue, mier gefällt den rouden himmel net esou, amis op den fassaden as den weissofgleich tip top fier mech
2. ganz interessant
3. ganz flott fum sujet hier, hun dei am daag probeiert an se as net esou gut gin, mais t'perspektiv op den CC gefällt mer net esou !
ganz gelongen serie !
dr_kim_veis 24.11.2009 - 05:51
ganz flott mee ech verstinn deen schwaarzen halo net soul richteg...
ludiol 24.11.2009 - 06:57
Ech wees och net wéi den rouden Himmel respektiv den Halo zustaan komm ass, ech mengen daat wir duerch d'Laangzäitbeliichtung an daat ass den Knascht vun den Stroossenluuchten. MIr huet den Halo gefall, well et genau an den Conturen vun der wäisser Philharmonie an dann e Kontrast setzt.
Ech probéieren awer mol am Photoshop mam Dodge/Burn den Himmel ganz schwarz ze maachen.

Merci awer fir äer konstruktiv Kommentarer.
xaph32 24.11.2009 - 09:24
dat ass sou een nieweneffekt bei der nuetsfotografie gekoppelt un den hdr, woubai dat e gewëssenen charme par rapport zu denen eklegen waissen halos huet

den rouden himmel kanns de matt engem waissofglaich ofänneren, ech selwer géif dat awer nët maan closed_eye, den schwarzen halo, muss de wahrscheinlëch zrëck an den photomatix, me bon

wéi schons um flickr gesot, mir gefällt déi serie supergutt!
jps 24.11.2009 - 11:10
Firwat Dodge/Burn ?
eng Selektioun op den Himmel machen, Adjustment, Hue/Saturation an am roude Kanal Saturation an Lightness no lenks zéien bis den Himmel der gefällt. Mat Hue kanns de him awer och nach eng aner Faarw gin closed_eye
ludiol 24.11.2009 - 11:35
Oder sou smile
Gaga 24.11.2009 - 10:04
nach eng kleng remarque :
fierwaat Phi Harmonie ?
ech gesin keen Veih !

smile
ludiol 25.11.2009 - 07:09
ooh merde (pardon fir d'Wuert), änneren daat direkt, wann ech lo Vill Harmonie geschriwwen hätt dann wier daat jo nach sou als Wuertspill riwwerkomm, mee daat do ...
Gaga 25.11.2009 - 07:28
na na na !
daat wor meng idee ! closed_eye
!Dës Foto ass net méi am System!
ludiol 25.11.2009 - 15:39
Sorry hun di Foto net kannt, mee ass awer wirklech gudd geroden
Gaga 25.11.2009 - 16:34
merci merci !
as jo och Vill Harmonie dran ! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 466 Gäscht online