Absolut herrlesch, ganz flott!!! Wonnerschein faren, eng flott stemmung also mir get et richteg warm emt haerz! Eenzeg klengegkeet, ech haett den baam rechts nach e besschen mei zum rand hin plazeiert!
Merci Marker, ech hat alt erëm eng Kéier d'Chance de richtege Moment op der richteger Platz ze sin. Duerno hun d'Kollegen déi lanscht gefuer sin ouni de Baam ze gesin awer e besse misse waarden
ech fannen d'foto super
just zu menger info, virwat iso 800? an eng 1/1600 sec? has de vergiess d'astellung ze änneren oder hues de dat bewosst gemeet an wann jo "virwat"?
Natur pur kann een do nëmme soen.
Ech hu mer virgëscht op de Wallefer Bicherdeeg Zäit geholl, déi ausgezeechent Ausstellung vun de Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn unzekucken, do waren och e puer staark Biller vun dir derbäi, wa mech nët alles täuscht.
Respekt!
Merci Jean-Jos,
ech gin d'Kompliment un d'LNF virun
ech war mat 5 Biller an der Ausstellung vertrueden.
Dës Foto fällt awer no den Internationale Bestëmmungen nët méi an d'Kategorie Natur, cfr. http://webplaza.pt.lu/suyswill/FIAP.htm
Ech fannen dess Foto och super schéin an bei ärer Austellung zu Walfer war och geniales derbai. Vierwaat dess Foto net an d' Katégorie Natur gehéiert checken ech net sou ganz.
Merci !
bei Naturfotoen duerf no FIAP an PSA-Defintioun keen Mënschlechen Afloss sin, hei sin awer "kultivéiert" oder gepflegte Beem (am Géigesatz zum Bësch wou se gréisstendeels frei wuessen).
Genial Foto. Wann et eppes auszesetzen geif dann het Foto bessen mei no lenks geholl kennten gin wou bei ech hano awer net wees op se dann nach sou wierkt well den Bamm as den Habtsujet am Bild. Jiddenfalls Top.