mein har !
nee nee, daat do as gut ze gesin, lo kucken ech mer mol un weis de daat do gemach hues, lo verstin ech dein "den eck as ze eidel" ... gesait wierklech vill besser am bild aus ...
dei e bessen verzerrten oder verdreinten perspektiv as och gut fier den bild mei deift ze gin oder ?
(as super wann een emol daat selwecht motiv kann am DRI vergleichen, merci)
do fällt mer op dat dein stepps mei weiss aus wei bei mier, wouduerch as daat ?
weissoofgleich ? hellegkeet ? oder einfach eng fehlend iwerbeliichten foto bei mier ?
also virwat se anecht as, déi Sach mam Stepps oder wéisofgléich, kann ech nët soen ? Dat léit secherlech un der Verarbeschtung. Wat awer gewëss as, ... dat ech mer bal en Arm mat dem blöde Rouer ausgerappt hun, fir der ze weisen wou den eidelen Eck war
dat as ganz einfach, ... du kucks réits, an dono lènks, a wann's de dann en passenden Rouer fond hues ... du muss en awer eleng packen ! ... probéierts de hien virhin an dén eidelen Eck ze zéien, drécke geht ganz schlecht. Dann durch de Sucher kucken, an dat Stéck do hinzéien wou et passt, en zwétw Mann as ganz nëtzlech
daat mam zeien muss de mer nach eng keier erklären !
net dat een net schon genuch ze schleefen hätt, lo sollen mer och nach en rouer mat dohinnerhuelen !
AN DAAT GRAAT AN T'CT !!!!!!!!!
lo geht et awer duer !
PS : hun haut en foto verschaft fum kran eroof op dei machin do, an do hun ech dach gesin dats de dein Rouer och nach do trellen gelooss hues ! schumm dech !
lo an écht, ... ech gi net méi dohinner, passt dér awer op, do fängt et un geféierlech ze gin !!
"Griller déi nët méi do, oder lassgeschrauwt sin, op dénen och nach Karton oder Blëcher léien, wou et 10-12m erof an d'Déift gét. Blëcher déi nach ! un engem Fuedem do hänken asw
ui ui ui !
dann muss ech awer schnell nach eng keier dohin iert se alles futti machen dei honn,
daat mat den griller, daat sin bestemmt sou honn dei t'grill oofbauen fier dei eidel ecker an hieren fotoen ze stoppen !
ha.....!sou as et !