Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

BA

 
All Fotoen an dëser Serie:
3401 Thumbnail
3402 Thumbnail
BA
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.11.2009
  • Gekuckt:
    33378
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Originaldatum:
    2009:07:14
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DMkII
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
Blëtz vun hanne lénks fir déi éischt Foto.

Fir anzesetzen: [pg_img=40687]
Kommentar vum Fotograf:
PAD 195/365
Nodeems ech zu Broadstairs
war, huet et den Dag drop zu Canterbury gezielt. Ech duerft mäin BA Diplom sichen goen. Mat allem Tamtam, dem debilen Hutt an der Robe an enger mega laanger Zeremonie.
Méng Kollegen waren scho firu mir beim offiziellen Fotograf am Studio passéiert. Soe mer mol ech war net beandrockt an ech hun méng eegen Fotoen um Campus gemaach. Déi éischt Foto as mäi Papp, hien wollt d'Robe och mol uprobéieren :) Déi zweet huet hien gemaach nodeems ech d'Astellunge gesat hat.
Gaga 09.11.2009 - 14:08
lol !
félicitatiounen (ierch 2) mier kennen daat jo nemmen aus American Pie etcbigsmile !
Mais ech wetten dats de deen Daag net hues missen Posen fier sou ze grinsen !

geht et elo an t'Berufsliewen ?
gloda 09.11.2009 - 14:24
Nach net grad, ech sin mat méngem Master amgang.
elmuzo 09.11.2009 - 16:46
Congrats .O°
Shantideva 09.11.2009 - 17:49
Ma, daat steht dir ganz gudd. Sou kéint een och een Shooting an engem verlossenen Haus machen (awer ouni deen komeschen Hutt). smile Gratuléieren!
Kleent 09.11.2009 - 20:07
Cool! Gléckwonsch och vu mir!
Mochel 10.11.2009 - 08:12
Gratulations et ass jo dann net mei laang bis de dain Master hues. Dengem Pap steet d'Robe ewer och goud.
Nicon07 10.11.2009 - 19:11
Di Plo m...at dem Studium ass dann elo wuel och eriwwer, oder?
...
Also di éischt Etapp.

Méng bescht Gléckwënsch!
gloda 10.11.2009 - 19:24
Ech dréinen nach eng Extraronn.
Nicon07 10.11.2009 - 19:28
Genéiss d'Studentenzäit, si geet ze vill séier laanscht, a wanns du da mol Enn 40 bass, an du seess dir: Mäi Gott, elo sin dat scho méi wi 20 Joer hier, datts du op der Uni wars, daann denks de: ... closed_eyebigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 605 Gäscht online