Englechen Summer !
Mais bon, mier sin et jo gewinnt dat et elo 6 Meint nass an kaal get !
hun schon t'Flemm wann ech drun denken !
Dein Bild as sou minimalistech dat deen kamein schon baal onroueg wierkt !
ganz flott stemmungsbild ! an t'vignette ronnt daat ganzt schein oof fannen ech !
keng gewinnten Gloda Foto, mais daat as jo egal !
probeierts de dech un epes anescht ? dei läscht zeit kommen vill sou "ongewinnten" sachen fun dier, oder sin just dei meint firdrun der net fill komm zenter dat ech hei sin ?
Jo 't as wells du komm bas
Nee ech wees net, ech liesen hei Saachen vun typeschen Gloda-Fotoen an hun selwer keng Ahnung wat dat sin soll. Wat den Engleschen Summer ugeet, déi do as u sech zu Lëtzebuerg gemaach gin. Ech setzen den Originaldatum mol an d'Rei.
Jo war villeicht keng clever aussoh mee genau daat hun ech deen moment empfond an wann ech se nees kucken as meng meenung nach emmer dei naemmlecht )))))
et gesait aus wei wann den Max "gut wieder mat opklärungen, geleegentlech wolleken mat temperaturen tescht 5 an 23°, bei ofwiesselnder loftgeschwindegkeet mat variablen sonnenmomenter mais plaatzeweis Niwel oder Frascht" gemellt hät !