Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Video:Réserve Naturelle A.Hopp

 
Video:Réserve Naturelle A.Hopp
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.10.2009
  • Gekuckt:
    32679
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    n/a
  • Beliichtung:
    Manual
  • Gréisst:
    800x600
  • Späicherplaz:
    54 KB
  • Originaldatum:
    2009:07:28
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DMkII
  • Programm:
  • Objektiv:
    70-200 2.8L IS + 50 1.4
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=40407]
Kommentar vum Fotograf:
Mäin alleréischten Versuch am filmen nodeems ech d'5D MkII krit hun, ze gesin op méngem Site: http://gloda.net/20091030-hopp.
Deen klengen Clip wou ech um Arcelor-Mittal Tuer gemaach hat war wierklech just sou nierwelaanscht, hei hun ech mer e bësse méi gin.
't as natierlech Video an net Foto, mee ech wier awer frou iwwer Kritik well ech mech op fir mech komplett neiem Terrain bewegen.
OK-Photography 30.10.2009 - 12:35
wow!
dei eischt zwou scenen gefaalen mer nik sou well eng FIX Kamera zimlech latzech wierkt....dei Beweegung zum Schluss wou dPlanz an dSchärft reckelt gefällt mer fill besser!
an dei ganz Waasserleeferscene kritt eng glaat 10/10!!!schenial Kamerafeirung fun uewen roof!
hun na nie gesin dass sou een Fiisch och eppes fenkt!an dann ona mat special effekt Bloosen.....wierklech groussen Kino! bigsmile

as deng "Foto" hai een Screenshot fum Film aus?huet neemlech lenks sou eng waiss Rai pixelen dei nik sou....professionnell....ausgesait hrhrrclosed_eye

schoin Arbecht! smile
gloda 30.10.2009 - 12:38
Oops, do hun ech net opgepasst wéi ech den Screenshot gecropt hun. Bon am Film selwer sin déi Pixelen jo net.
Dass den Waasserleefer selwer eppes gefang huet as mer réischt opgefall wéi ech en Video doheem gekuckt hun. 1080 as do schon interessant, soss iwer dee klenge Punkt einfach an Pixelmatsch verschwonn.
tscjoki 30.10.2009 - 14:45
TOP !
Wann daat dein éichte Versuch war,da weilt ech definitif gär déi nächst gesin !
Reservéieren direkt en Ticket closed_eye
Respekt !

PS : Am Januar kennt e Firmwareupdate,da kriss de och nach daat minimalt Ruckelen ewech...
gloda 30.10.2009 - 16:30
Hm jo ech sin nach nei bei deenen ganzen techneschen Saachen - d'Ruckelen kënnt wëll Youtube den Video vun 30 op 24 fps setzt gell? Fir den Update soten se lo vrun enger Woch zwar näischt vun Januar: "Canon currently expects the firmware update to be made available during the first half of 2010. An announcement regarding details of the update and its availability will be made closer to the release date." (dpreview.com) Wees du eppes méi?
tscjoki 30.10.2009 - 17:24
Nee,hues Recht. Haat an engem deitschen Forum de Januar opgegraff.
Mee och um Site vu Canon selwer schreiwen se :"Verfügbar ist das Update voraussichtlich im 1. Halbjahr 2010."
Denken daat dierft dann och éichter richteg sin.
Mee egal wéi..och ouni Update Top Arbecht !
SuJo 30.10.2009 - 15:05
Nët schlecht. Alleng schon dei mise en scène, fannen ech richteg gelongen.

Weider esoou...

gloda 30.10.2009 - 16:31
Merci, ech muss alt nach üben a vill léieren.
Knipser 30.10.2009 - 21:41
Ueben an léieren muss de eventuel nach, ma eppes ganz wichtesches hues de schon, eppes wat een net kann léieren an dat as Talent.
JADE 31.10.2009 - 10:04
bon ... du hues dann och een Aan an Talent fir Video smile
mir gefällt en gaaaaaanz gutt
d'Schnëtter, d'Cameraféierung, déi Schwéierpunkten déis du setzs, déi Onscharf zu Scharfszenen an ëmgedréint
dann d'Musik

ass bessi wéi verschidden Unfanks-Szenen oder Tëschen(Iwerléungs)-Szenen an verschidden USA-Filmer

ech hun en genoss, an schon e puer Mol gekuckt


Bravo, mach weider esou

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 600 Gäscht online