Mat der relativ betagter (> 20Joer) Colt Gold Cup National Match hun ech virun baal 3 Joer mäin Untrëtt bei PG gemaach an demols eng kleng Polemik ausgeléist (e Klabes op PG, daat ass ët bis dato nach nët gin)...
normal, waat as normal, ech perseinlech hun keen probleem dermat, verstin awer t'bedenken !
mais ech fannen et iwerdriwen ... wann elo een hei ufänkt komplet waffenfanatesch nemmen nach esou fotoen ze posten ok, mais soss ... ech fannen vill leit gesin hei emmer direkt zefill rout, an et as witzeg dat et meeschtens dei mei jonk user sin !
et muss een schon e bessen um buedem bleiwen ... wann elo zb eng foto geiff kommen wou eng waff op en mensch geriicht get, fannen ech daat och too much, aanererseits kann een och erem em den artistechen zweck streiden, esou een bild kann och epes duerstellen an et gleichzeiteg verdaamen ! den james nachtway mecht och fotoen mat kannerzaldoten dei mat der uzi ronnderemlaafen ! et versteet een awer waat en mengt !
hei as daat elo net den fall, mais naja,schein fannen ech se och net, dei beleg kartrons Munitiounspäck wierken ze belleg zu der schein polleierter waff !
super usprochsvoll as se net, mais waat mech wonnert as dat den auteur selwer seet schon eng polemie weinst esou enger foto ausgeleisst ze hun, fierwaat et nach eng keier machen ? provokatioun ?
ech hun eng foto gepost bei sou enger diskusioun, fum hond deen an enger ausstellung erhingeren gelooss get, leider as guer keng reaktioun komm !!! ech sin een ganz groussen deieren-frennt, fannen deieren mussen mei geschützt gin wei menschen, an awer huet dei foto mech sou beschäftegt dat ech dem künstler iergendwei recht gin, och wann ech sein handelen verfluchen !
(PS : http://www.monsieurfischer.ch/2007/10/knstler-lsst... )
ech fannen et muss een leieren esou sachen sachlech ze diskuteieren, argumenteieren, sech dermat auserneen setzen, an net direkt hei zum streik opruffen, eng typech reaktioun fun mei jonken leit, dei nach mei rebellech sin an leiwer handlen wei debateieren !
sorry, ech wees ech gin elo erem bestemmt verflucht, mais sou gesin ech et !
mais souguer daat as epes wou een mech kann drop uschwätzen an argumenteieren!
dei leit bei deenen et schon sou situatiounen mat mier gin sin mussen zougin dat ech keen problem hun e fehler zouzegin an mech ze entschellegen wann se mer erklären dat ech se getreppelt oder wexeiert hun ! diskutioun as am liewen iwerhaapt epes waat een muss leieren an muss kennen ! iergendwann geht et mat stuerem protest net mei duer, an daat leiert een eben lues a lues !
duerch stuerheet blockeiert een sech selwer den wee zu besseren argumenter !
be aware, diskuteiert !
dei foto elo hei ze bannen mecht t'welt net besser !
schlemmer get se och net wann se hei bleift !
mais et kann eng interessant diskusioun entstoen wou deen een oder aaneren epes draus mat heem hellt !
ech fannen fotographie as jo eng konscht, an konscht entsteht ereicht am kapp fun de leit dei sech dermat beschäftegen, ausserneensetzen ... daat kennt hei oft fill ze kuerz well mer iwer technik, werter, astellungen an zuellen schwätzen ... soubaal epes mei usprochvolles kennt wei zb :
Wood Stories
daat beispill wor lo gut komm, nee ?
am fong streiden künstler emmer nemmen fier hier ausdrocksfreiheet, hei menkt een se wieren mei sensibel wei t'gesetzer !
schlecht Beispill Marco,
@soubaal epes mei usprochvolles kennt wei zb : Wood Stories
@konscht entsteht am kapp fun de leit dei sech dermat beschäftegen,
ech hu nach emmer meng égen Ménung iwert dest Bild,
du kanns alles als Konscht verkaafen, huel eng Brikett
ennert den Arm a géi dermadden duech Stadt, den Richtegen
verkéeft der et als Konscht ... an en aneren schreiwt der en
séitelangen Artikel driwer .....
An dann wann genuch Léit de Kapp driwer gereselt hun,
as et op eenmol Konscht ?!!
Wowww... daat war dach emol e ganz ausféierlechen sachleche comment, merci fiir deng Méih, an daat alles quasi matten an der Nuecht... . Et gesäit wierklech esou aus wéi wanns de se all verdriwen häss, oder awer dass de alles gesoot hues an dem näicht bäizeflëcken ass...
Gemengt ass mat der Foto eigentlech näicht, ët ass just eng Foto vun engem Géigestand, wéi mer der hei schon zu tausende gesin hun, siëf daat e Laptop, e Keyboard, eng Maus, en Handy oder waat och ëmmer...
Provokatioun? No Sir, sou ëpes maachen ech dach (baal) nie... Dann éischter Nostalgie fiir mäin geschwënn 3ten Gebuertsdaag ze zelebréieren... Wann ech eng Kéier gudd Zäit a Loscht hun ziëlen ech déi Geschicht wéi ech op PG komm sin, mais daat diërft esou wisou kaum éen interesséieren...
An dem Sënn da nach e schéinen Owend...