Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

1st Studio Session 1

 
1st Studio Session 1
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.10.2009
  • Gekuckt:
    23158
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    jo
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    663x1000
  • Späicherplaz:
    111 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    27-70mm Nikon
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
SB900, SB800 an SB600 alles per Funk ausgeleist.

Fir anzesetzen: [pg_img=40303]
Kommentar vum Fotograf:
Mein eischten Versuch an mengem provisoreschen Studio. Hun och bessen mat engem Beliichtungsmiesser experimenteiert.

Wann een drop klickt gett se bessen mei Schaarf.
Leider ass awer vill Schaerft bei der Kompressioun verluer gaangen. ;-(
Gaga 26.10.2009 - 11:15
gefällt mer ganz gut !
Ech hun och well probeiert esou portraien ze machen, mais kloer versoot !
t'faalen am hannergronnt sin net sou flott, filleicht mat mei distanz an enger mei opener blend kann een dei verringeren ?
mais t'foto :
super model
super pose
alles tip top !
fier mech ! als net-expert !
Keup 26.10.2009 - 20:43
Merci Gaga,

Freet mech daess se der weinstens ganz bessen gefaellt mee daat motiveiert.

Ech waert et beim nexten Shooting probeieren besser ze man.

M.b.G. vum Yves
Keup 26.10.2009 - 11:29
Hello Gaga,

Also hun net vill Erfahrung an deem Bereich mee probeieren dei Saach elo bessen ze leieren.

Beim Hannengrond hun ech en Layer driwwer geluet well ech Feeler an der Hannergronnd beliichtung gemeet hat.

Merci fir dein Kommentar, vun engem net-Expert un en Unfaenger closed_eye))))))
jps 26.10.2009 - 12:09
Ganz gudde Start an der Studiofotografie ! e scheine Model an eng flott Pose.
E puer Rotschléi vun engem och nët Studio-Expert:
- wéi de Gaga scho soot, d'Faalen am Hannergronn. Awer duerch méi e groussen Oofstand verrengeren, bei méi enger opener Blend verléiers de zevill u Schärft an den Hoër;
- d'Haltung vun riedsen Arm sollt esou sin dass en net hanner dem Réck verschwend an d'Fangeren wéi eleng op der Héft leien;
- déi ugeschnidde Fangeren vun der lénkser Hand.
Sin op deng nächst Studio-Biller gespaant smile
Keup 26.10.2009 - 18:23
Merci jps closed_eye

Du hues schon recht mat dengen Punkten an waert drun schaffen.

Hun der na puer gemeet deen Daag an villeicht ass jo na eng besser dobei. closed_eye

Mol kucken.

SuJo 26.10.2009 - 12:13
Mëtteg

Ech wees nët ob ech mir iwerhaapt sol erlaaben eng Kritik ze schreiwen, well ech selwer nach nie esou Fotoen gemaat hun an och soss, nët den Expert sin, mee awer.......

Hm, ech wees nët sou richteg wei ech se fannen soll. Mech steiert e bessen dei Pose vum rietsen Arem/Hand. Hei steiert mech datt dei Fangeren esou oofgeschnidden wierken. Flait och doduerch, well dei mei am Schiert leien wei den Arem selwer.

Dei lenk Hand wierkt ob mech esou grous. Du hues daat bestëmmt esou wollten hun, mee dei lenkt mech beim Blëck ob d'Gesiicht emmer nees oof.

Bon, ech fannen d'Emsetzung awer ganz gudd gelongen fir en Ufänger an desem Bereich.
Keup 26.10.2009 - 18:21
Ech mengen wann mer allen 2 Expert wieren dann geifen mer zu LA wunnen an Geld mat Shootingen maachen. closed_eye

Nee dei Hand wollt ech net esou hun mee ass esou an wees och net genau viirwaat. War wahrscheinlech ze no run an och na gebeckt. Waert eng Verzerrung vum Objectiv sin.

Merci SuJo
bertan 26.10.2009 - 13:27
Moin..

Ech fannen och daat foto gudd gelongen ass. Faalen am hannergrond steieren vleit wirklech e beschen. Wanns de nemmen den Kapp geholl haess waer ze bestemmt nach besser gin. Mee bon .. soll keng Kritik sin. Ech hun mech selwer schons e beschen am Studio probeiert, an wees daat et net einfach ass. Ech fannen den Aspekt vun der Lucht fir en ufenger elo mol mei wichtech, an ech fannen daat passt alles zesummen. Wanns de daat bis drop hues an der do schons mol keng suergen mei muss maan, ass nach emmer genuch zeit fir Posen vun dengem wirklech flotten model ze
perfektioneiern.

Ps. wanns de Ecken e beschen ofdonkels, lengt net esou vill vum gesiit of smile
Keup 26.10.2009 - 18:17
Merci bretan,

Jo ech waert mech elo bessen mei mat Posen beschaeftegen well daat hei war zimmlech spontan an hun mech just beliichtungsmeisseg viirbereet. Mee fir den nexten shooting waert ech mech mol bessen schlau maachen. closed_eye
xaph32 26.10.2009 - 15:39
majo, ech denken déi geschicht matt den faalen ass onwichtëg...d'luut ass nët schlecht, me et gin 2 saachen déi mëch stéiren: den een aarm ass komplett ofgeschnidden, verschwënd sou komësch hannert dem rëck, dat wierkt komësch an on-natierlëch an déi aaner hand ass fir mëch proportional ze grouss (du hues e waitwënkel benotzt?).

ceci dit, ech weess wéi schwiereg et ass, hun am summer sou en stage gemeet an sin permanent ënner d'rieder komm matt sou saachen, trotzdem courage...an weider closed_eye
Gaga 26.10.2009 - 16:36
???
en 70mm Weitwenkel ???bigsmile !

closed_eye
bertan 26.10.2009 - 17:06
Schon stark waat japaner alles bauen smile
xaph32 26.10.2009 - 17:23
ech hat dat nët gesin, sorry ech solt vlait méi genee d'exif-donnéen kucken closed_eye
Keup 26.10.2009 - 18:15
Hello xaph32,

Merci fir den Kritikpunkten an ech probeieren dei Saach dei nexten Keier en bessen besser ze maachen. Ech war schon frouh wei ech d Beliichtung einegermoossen hinkruut an elo mierken ech hei gudd daess daat net duer geet.

Mat der Hand hmmmm wees ech och net viirwaat dei sou grouss wierkt.
xaph32 26.10.2009 - 20:09
kann et sin dass de vun ënnen rop geknipst hues? oder awer nach no un sujet drun wors? souwait ech weess brauch een wierklëch eng gesond distanz zum sujet fir dat ze verhënneren...
iwregens hun et ech et nach nie hikritt fir un alles ze denken, d'theorie kennen an se applizéiren sin 2 verschidden puer schong... do ass et mengen ech méi einfach kritiken ofzegin, an dësem sënn...weidermaan closed_eye
Keup 26.10.2009 - 20:41
Jo war definitif ze no. Du hues recht. Mee ouni Kriticken gin ech och net besser closed_eye))

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 612 Gäscht online