dei fotoen sen wierklech gudd gin!dFaarwen sen TOP
mengn dei 1. an 4. gefaalen mer am beschten!Silhouetten sen emmer gudd!
good work!
edit, op Deendo hin:
Rauschen steiert mech nik sou, hechstens di 2. kiint bessi mei neat um Hannergrond sen...
an zur 5., njah...wou en Rescht hott, hott en Rescht ;p
Also firt éischt sin d'Fotoen alleguerten fuerchtbar verrauscht, eventuell hätt do en Noise-Ninja & Co gehollef.
Dann fannen ech ët schued dass op der éischter Foto den Muséker quasi am daischteren steet, well d'Belichtung selwer ass éischter Hobbykeller méisseg an naischt extraes.
Bei der véierter Foto froen ech mech wisous de hien ofgeschnidden hues!?
An zur 5: së ass onscharf. Kuck emol den Verstärker am Hannergrond, deen ass scharf an nët den Musiker.
Also d'Rauschen steiert mech hai och net wierklech dran, et ass nach keng Pixelzopp an och net no drun.
Bei der laester Foto hues de Rescht, hun och laang iwwerluegt ob ech se soll weisen oder net.
Silhouetten sin adg, dem BP gefaalen se jo wei et schengt.
An ofgeschnidden... hm, mengen huet mer einfach besser gefall, man daat zimmlech oft.
<quote>Gär geschidd, Photogen ass jo geduecht fir Kritik a Meenungen zu sengen Fotoen ze kréien/liesen.</quote>
souepps misst grouss (64pt?) an lieserlech (extra-bold?...mat fluo-orange Hannergrond!) op der eischter Sait fun PG stoen!!
huesde mol gudd gesoot deendo!!!!
déi 4.
an d'rauschen? et ass e concert, als musiker kann ech blëtzer nët ausstoen, do beift also keng aaner méiglëchkeet, en plus ass d'rauschen hei wierklëch nët schlëmm, gehéiert iergentwéi dozou...ech denken ninja noise kann do nëmmen méi futti maan wéi gutt maan
Net nemmen d'Musiker kennen d'Bletzer net ausstoen, wans de bletz zersteiers de jo d'ganz Luuschtstemmung wou do ass an dan braus de net mei ob en Concert ze goen!
Rauschen ass definitiv hei keen Thema an den Noise Ninja hätt de Grain vläicht erausgeholl mä d'Fotoen " platt " gemaach!
Silhouetten fannen ech bei Concerten och ëmmer ganz stëmmungsvoll an deemno gefält mir deng 4.Foto hei och ganz gutt.
Deng ganz Serie ass der gutt gelongen, mat Äusnahm vun där leschter vläicht .
Mä di 4. huet einfach eppes. D'Luucht ass einfach top wéi déi do de Mikro beliicht, an dann nach den Damp... Wat nach besser wier, dat wier wann een Zuschauer an der éischter Réi géif besser erkënnen, mä dofir war et wuel ze däischter !