Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Le Chef

 
Le Chef
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.10.2009
  • Gekuckt:
    40255
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    43 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    430EX + Westcott umbrella
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    135 KB
  • Originaldatum:
    2009:10:06 09:01:30
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
Blëtz am sëlwer Prabbeli vun uewen riets mat engem Lee Plus Green Gel fir op d'Fluorescent Luuchten dobannen auszegläichen.
...am nachhinein hätt ech vläit sollen mat ISO 200 fueren fir d'Blend an d'Zäit zesummen 1 Stop ze spueren...

Fir anzesetzen: [pg_img=39792]
Kommentar vum Fotograf:
Aus ménger Série 'Arrêt de Travail'.
Ee vun den Käch aus dem Grand Hotel Nord Pinus. Ech hat amfong gemengt just hien géif poséieren, mee wéi ech dunn mat him fäerdeg war a schon hallef agepakt hat koum op eemol eng Kächin a sot "Ech si prett." Dunn hun ech mat deem och nach Fotoe gemaach, an dunn nach eemol d'selwecht mam Chefkach! Déi aner zwee sin och an der Série vertrueden. Se hun sech zu dräi mat deer Schürz do ofgewiesselt :)

Le Boulanger

L'Ouvrier Naval

La Fleuriste
LP 18.10.2009 - 23:35
Langweileg fanen ech des foto net mee am verglach mat denen aneren aus denger serie sprecht des mech am mansten un
gloda 19.10.2009 - 14:26
Ok, merci. Eng Iddi wisou?
LP 19.10.2009 - 15:21
Fannen dei anner fotoen zielen mei eng flott geschischt an sin och besn mei speziell
mech steiert och vlait besn den hannergrond deen bild vir mech zevill onrouegt mech
as meng opfassung mee hun selwer nach nie fotoen vun leit gemach smile
SuJo 18.10.2009 - 23:41
Hm, bei deenen aaneren, do fleist den Hannergrond mat an den Ausdrock vun der Foto. En ass eichter Nierwensaach, an d'Persoun stecht als Sujet eraus. Hei fannen ech, datt den Hannergrond mech eichter ooflengt. Speziel steiert mech daat krommt Regal. Och wann ët nët direkt eppes mam Mann ze dinn huet. Wann dei blo Kescht um Frigo nët ze gesin wier, wier och nët schlecht oder?



gloda 19.10.2009 - 14:40
Ok, 't as zevill Detail am Hannergrond, d'accord. Di blo Këscht kéint effektiv fort.
D'nächst Kéier récken ech dann den Blëtz méi no un d'Persoun da get den Hannergron méi donkel.
Tomz 23.10.2009 - 17:56
Gin dem LP recht Foto ass net langweileg mee fanne se lo net seu gutt wei zum beispill dei mam Bäcker, ass flait och einfach well Kichen baal ganz aus Inox ass an daat bessi Kaal wierkt net seu wei dei mam Bäcker smile
gloda 23.10.2009 - 18:33
Jo mecht Sënn, merci.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 530 Gäscht online