Maach mol lues, wanns de nach eppes extras ze soen hues, dofir ass den 'Auteur Kommentar' do.
Ausserdem drängt een d'Leit net derzou Kritiken oofzegin, wann se wëllen maachen se et a wann nët loosse se et eben sin.
Ech fannen d'Foto keint no hannen mei däischter sin an den Ennergrond och mei onschaarf. Ausserdem fannen ech se keint en Tick mei schaarf sin, weieen Objektiv hues de heifur gebräucht?
4 lo mol keen op....ech hun keen gedrenkt, jiddereen mecht waat en wellt... ech hun een 18-55 benotzt. häss de kinnt ganz schnell selwer raus fannen wanns de main profil gekuckt häss an mat der brennwait verglach häss...
1. Herscht hei keen Chat Language, da schreift een emmer nach 'Féier'.
2. Wéini ech waat engem User erklären an kloer maachen ass meng Saach
3. Dann schreif net selwer schonn e Kommentar wanns de och sees jiddreen mecht waat e wëll, da looss och jiddreen daat maachen.
4. Oft genuch gi bei Fotoen Objektiver geléint fir ze testen, den Klick op de Profil ass dofir nach laang nët emmer och direkt d'Äntwert.
1.jongen mat esou aggressiven kommentaren maach der ierch keng kollegen, just vir ierch daat ze soen....
2. wei een an den bësch rift, esou schaalt et rem eraus...,gell..
3. wou steet daat mam chat language??
11er Blend da wir et nach mei oschaarf gin am Hannergrond, wuel eischter 5.6 wir besser geweecht (awer net onbedingt, et wees een et jo net secher am Viraus)
absolut net waat d'blend mei grouss, waat bild am ganze mei scharf....ech wees jo net wei et bei dir ass.... mee vir makro biller hellt een normalerwei emmer eng grouss blend.. och wann ech nach net esou vill biller rop gelueden hun, esou vill ahnung an erfahrung hun ech awer schon....
daat mat der blend wats de elo geschriwen hues ass richteg, awer net daat vun virdrun... bei 5,6 ass den hannergrond mei onscharf wei bei 11 daat kanns du jo mol selwer probeieren....ech hun et nämlech gemaat well ech mer elo selwer net mei secher war!!
Hey, Johny, lo maach mol lues... du muss net direkt iwwerréagéieren an engopféieren wann eppes klänges geschitt ass, du häss och normal kennen soen dat en daat soll bei user comment schreiwen. Waat den Chat-language, sif dach net su pingelesch, d'ass dach egal wéi ee schreiwt, ech maachen eng wett d'sin käng 3 Leit op desem Site ennerwee di richteg letzebuergesch kenne schreiwen! D'ass bestemmt kängem äusser där opgefall an d'hätt och kee Meshcn gestéirt wann do 4 amplaatz vu ''féier'' steet...
Bei blend 11 huet een méi déifeschärft wéi bei Blend 5.6!!! Daat misst du awer wessen!
A su ganz niewebäi, waat spillt et iwwerhaapt fir eng Roll wéien Objectiv hien benotzt huet??? An enger Opléisung vun 1000 x 667 bei Blend 8 ka KEEN där soen op di Foto lo mat engem 18-55 EF-S gemaat gin ass oder mat engem 24-70 2.8 L! Daat spilt hei iwwerhaapt keng Roll... a wi gesoot, am Profil steet jo wéieent hien huet, wann en eent äusgeléint hätt hätt en daat jo wascheinlech och dabäi geschriwwen, obschon et jo eigentlech keng Roll spillt... an D'Foto ass schaarf wanns de drop klicks!
Ehm jo virdrun hun ech mech effektiv vertippt SORRY. (ass jo just en o ze vill beim Wuert)
Heen huet daat mam chat language bessen ze krass opgeholl, sou schlemm war et jo guer net geduet, wann heen daat sou agggressiv ophëllt kann ech net derfir.
Därf een elo net mei froen mat weiengem Objektiv eng foto gemaach ass? Da kënne mer Photogen direkt ganz läschen.
Iwregens Lex, et wir fäin wanns de mol keins och deng Pm'en beäntweren deis de kriss. (Dei ech gescht geschéckt hun).
Jo, mee hien ass awer net deen eenzegen deen daat sou opgeholl huet... ech hun et och gemaat, si mer schon zu 2 also war et wascheinlech och fir sou opzehuelen, och wann et net onbedéngt vun där sou gemängt wuar.
Natierlech kann ee froen mat wéiengem Objectiv et gemaat ass, mee hei wuat et awer eng uspilling dorobber dat d'Foto net schaarf wuar (an dobäi ass se och nach schaarf) an d'Fro ass jo awer ganz offensichtlech net äus rängem Firwetz gestallt gin... an normalerweis ass daat jo eintlech net intressant, vu dat et lo käng immens exif-wärter sin... hätt lo do gestaan ''800mm'', jo dann hätt een et kennen verstoen
PMS ass geschitt, deed mer leed... och wann ech 2 PC'en hun, ech hun awer käng 4 Hänn, an och äng 2 tastaturen, an ech kann iergentwéi eifach net 2 texter madeneen schreiwen...kléng komesch, mee do kann ech awa näischt maachen
Jop, hues rescht... wuar haut an der schoul während der Info e puer minuten online, do haat ech awa käng zäit ze änteweren, da wees de daat jo lo fir nexte freiden, falls de eng enwert solls awuarden
ei... all di harmonie... su spéit am daag nach... herrlech...
foto gefällt ma, d'farwen zemools, just de cadrage fannen ech bessi lusch, weess awa net genee waat mech dru stéiert...*denk*denk*
mengen ech méditéiren ne bessi driwwa, vlait gesin ech et dann... *oommmmmmh* :p
Gilbert waat soll dann dee Quatsch? Bei enger Foto spillt d'Objektiv eng Roll, daat wees de ganz genee, an oofstreiden kann een et net, och wann een den ënnerscheed bei der Foto wann se sou kleng ass wuel net wirklech erkennt dann. An ass et ewell sou schlëmm wann een aus Firwetz freet mat weiengem Objektiv? Also serieux, wou komme mer dann hin.
bei enger Foto spillt d'Objektiv just eng Roll fir d'foto iwwerhaapt ze maachen, awer fir de Recht spillt et GUER keng Roll. Eng Foto kann technesch perfekt sin, oder och net, mee d'auswahl vum Objektiv ass dofir net ausschlagbebend. Et ass virgezun bei verschidden Motiver dat oder dëst ze huelen als Objektiv, mee um Resultat dierft et keen ënnerscheed maachen, well eng Foto muss wierken, an dat suwuel optesch wéi emozionnell, an NET teschnech! Mee hei sin mir jo an enger Comunity wou een vun deem aneren eppes léieren wëll, dann ass dat och ganz normal dass een dono freet...
Also dir Herrschaften, ech bieden ëm Berouegung, wisou dann déi ganz Opreegung, hei huet keen sech an iergend enger Form sech ze rechtfertegen...
Ansonsten ass dëss Foto net sou iwwel, mee de cadrage gefällt mir net immens, well lénks naischt ass, wann do nach op manst 1 Detail wier, ok, mee esou, ech wees net sou richteg...mee d'Blumm ass awer flott, mat deem Waasser an well vun all dësen comments nach kee vote koum, gin ech dir eng 7, fir den Opwand
Verschidden Leit fannen et anscheinend awer nët sou normal dass een durno freet, mee et ass 100% wéis de sees, sou eppes ass ganz normal an enger Community.
vir mech ass et jo och keen geheimnis... en plus hun ech et gesoot!! wann der ganz ënnen liest, dei 2. äntwert op dem Johny sain 1. kommentar, do steet dass ech een 18-55 benotzt hun.. standard objektiv vun canon
Jop dem icemc säi Kommentar war jo, geif ech mol mengen, och eischter un de Lex an de Gilbert geriicht wei un dech, du hues jo direkt gesoot weieent, war jo net daat de Problem.