ganz flott,
zwar kaal Faarwen, awer dat ass 'affaire de goût',
wat méi schwéier z'erkläeren ass, ass bei ISO 100 dat 'Gepixels' (gesäit ee méi wann een drop klickt) : hues de vläicht eng Grimmel ze vill nogeschäerft ?
Den cadrage gefällt mer ganz gudd. Wanns de elo nach d'Technik perfektionnéierts ...
Ech perséinlech géif och d'Fuerwen e bessen erop dréinen, daat passt zum Sujet.
Waat d'Schärfen ubelaangt: eréicht schärfen wanns de d'Gréisst geännert hues (also fir d'éischt z.B. vun 10MPix erof op 800x533 pixel an dann schärfen). An wéi starrk geschärft gët hänkt vun der Gréisst (an Pixel) of. Beispill: en 12MPix Bild kann ech locker mat 100-150%, Radius 1.0 am Photoshop mat Smart Sharpen maachen. Mee wann ech daat Bild erof op 800x533 bréngen, dann kann ech normalerweis just nach 70-80% mat Radius 0.7-1.0 benotzen. Wann d'Bild soll geprint gin kann een méi schärfen wéi wann et just soll op de Schierm kommen (Internet).