Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Impressions de Provence

 
All Fotoen an dëser Serie:
1493 Thumbnail
1494 Thumbnail
1495 Thumbnail
Impressions de Provence
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.07.2009
  • Gekuckt:
    19559
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D2H
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=37670]
Kommentar vum Fotograf:
Hei e puer Fotoen äus der Provence wou ech momentan an der Vakanz sin.

Di éischt ass e Versuch mam Fisheye äus dem Gaard.
Déi zweet weist d'Abbayer de Sénanque.
http://fr.wikipedia.org/wiki/Abbaye_de_S%C3%A9nanque
An déi drëtt weist Gordes, eent vun ville schéinen Diefer.
http://fr.wikipedia.org/wiki/Gordes

Ech sin nach op der Sich no engem schéinen Lavendel an Sonneblummefeld. Déi sin nawell net einfach ze fannen hei. :-)
suraki 08.07.2009 - 00:23
Charel déi zwét as immens flott, ech selwer hätt ennen awer nach geschnidden smile
CharelG 08.07.2009 - 09:42
Merci, dat probéieren ech nach. Et ass effektiv e bësse vill Viergrond do. smile
Maimonides 08.07.2009 - 22:21
Ech och, bis dohinn wou een deen ganz iewischten Deel vun deem hellgrénge Bockel rechts ënnen nach esou just mat kritt.
A ganz schéin ass di "courbure" vum Bësch déi vun der Wollik bal parellel nogezeechent gët.
Poly 08.07.2009 - 07:19
Gordes ass ëmmer erëm schéin ze gesinn, leider get net vill Plazen fir d'foto ze huelen
CharelG 08.07.2009 - 09:42
Jo, dat hun ech gemierkt. Hun mer di Plaaz hei mat ca. 10 aanere Leit gedeelt. bigsmile
Poly 08.07.2009 - 11:21
de selwechten bei der abbaye, wous de drot virdrun hues, fuer eng Kéier erof an d'camargue rentéiert sech déi ass photogen, sinn amgaangen un mengen ze schaffen déi ech ech do virun enger Woch gemaach hunn
Knipser 08.07.2009 - 12:28
Ganz flott Serie, wanns de vun Carpentras op Autobunn A6 fiers do sinn Sonneblummsfelder mat Sonneblummen an allen gréissten, ech durcht et kommen der nach brauchs net hei stoen ze bleiwen, elo sin ech doheem ohni Sonneblumsfeld Foto smile .
Jeanny 08.07.2009 - 19:27
an der Provence ass et wonnerschein, herrlech Fotoen
Knipser 08.07.2009 - 19:35
Ech sin och een groussen Fan vun deer schéiner Provence, ech hun dest joer allerdings do ennen héieren Provence wier eng vun den Géigenden mat déer héichster Radioaktivitéit an Europa, do sin e pur Atomkraftwierker an och dat expérimentalt Kraftwierk vun Tricastin, do kann een schon mol Bedenken kréien, ech wees allerdings net op dat esou stemmt, ech hun net gemoss.
kuk och hei : http://afp.google.com/article/ALeqM5jYwAhyMyMgbQqOAmeO4C3xBuGIbQ
CharelG 08.07.2009 - 20:20
Also bis elo hun ech nach näischt gemierkt. Ech kann och nuets nach kee Buch ouni Luucht liesen. bigsmile

Mais vierstelle kann ech mer et schon. Di Grillen hei ënnen sin och sou verdächteg grouss. bigsmile
Knipser 09.07.2009 - 08:38
Ech hun och nach neischt gemierkt, awer wann den Châteauneuf-du-Pape am Keller uféinkt ze lichten .......
GrAl 09.07.2009 - 15:59
Du kanns däin Wäin jo leien loossen bis d'Halbwertszäit oofgelaf ass. Schueden kann et net smile)
Knipser 10.07.2009 - 18:04
Lol, esou aal get en nie bei mir, en ass zevill gudd.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 626 Gäscht online