hui!mol nees eng Ennerwaasserfoto!!(na emmer nik wierklech vertrueden hai um Site!)
dMotiv as effektiv beweegend!et kritt een zwar net den Numm asw gelies mee dass et ennert dem Waasser lait schwetzt fir sech!
vlait wier eng Grimmel manner zentral dem Motiv och gudd komm...
Nee, Ënnerwaasserfotoen sin leider definitiv net vill vertrueden, wat un sech bessen Schued as...
Et stëmmt durchaus dass manner zentral besser gin wier. Hun dat ganzt och aus aneren Perspektiven geknipst.
Leider hues de enner Waaser, zumols wanns de sou wei ech exkusiv mat externem Blëtz photographeiers, de Problem vun den sougenannten "Schwebeteilchen". Dat heescht, demno aus weiengem Wénkel dats du d'Foto mëss, hues de daer zimlech vill an dann as d'Foto scho rem naischt mei Weart, wells de da net mei vill vum eigentlechen Motiv gesais.
Dat do war leider eng vun deenen eenzegen Fotoen dei praktesch frai dovunner waren, wëll sou den Blëtz se net all zevill beliicht huet.
hm joh kann mat daat mat den Partikelen fierstellen....laangzait mat Stativ as wuel kaum meiglech also wärt een mat momenter nik em den Bletz an den Problem derlaanschtkommen.....
guff awa schein propper hai!
(as et den Stau?huet een fleissend Gewässer manner Partikel?mengen nik oder?)
Nee, obwuel d'Idée mam Stativ dei beschten Léisung wier, as dat ënner Waasser leider onméiglech.
Et as net de Stau, definitiv. Do hues de keng sou eng Siicht. Dat hei war den Samaranger See an Eistraich. As en Biergsei, dat erklärt och dat kloert Waasser. D'Masse vun Partikelen hängt net onbedingt un der Natur vum Gewässer, eichter dorunner weivill Algen, Fësch,...etc dran sin. Wat mei dran as, wat eben mei kann vun Fësch (oder eben Taucher) opgewullt gin.