Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Langweilegt Freedefeier

 
All Fotoen an dëser Serie:
1265 Thumbnail
1266 Thumbnail
1267 Thumbnail
1268 Thumbnail
Langweilegt Freedefeier
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.06.2009
  • Gekuckt:
    35995
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
    22.06.2009
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Objektiv:
    Fisheye (Tokina 10-17)
Kategorie: Bewegung »» Owes / Nuets
2. Kategorie: Events »» Misc
Extras:
Stativ bei deenen éischten 3, an all Kéier Aperture fir d' Faarwen, Kontrast & Vignette.

Fir anzesetzen: [pg_img=37332]
Kommentar vum Fotograf:
D' Fotoen vun haut den Owend. War net ganz einfach, zemols well déi Fënster wou mer dra stungen bëssen ze enk war :)
Op der läschter Foto gesäit een de Jona an d' Lydie.
arwa 23.06.2009 - 07:27
e Feierwierk as -nie- einfach ze fotografeieren,
fannen, bei dengen Fotoën kënnt d'Stëmmong awer gudd riwwer,
vu Langweil keng Spur smile
Johny 23.06.2009 - 13:53
Ech hun dat am Titel geschriwwen well ech weess dass lo rem tonnen esou Fotoen kommen bigsmile Mee merci fir däi positive Kommentar.
Maimonides 23.06.2009 - 10:01
Ganz schei Serie, an ech mengen dass di letzt mir am Beste gefaellt. Den @arwa huet Recht: "vu Langweil keng Spur".
Johny 23.06.2009 - 13:54
Jo mir perséinlech gefällt déi läscht och am beschten. Merci smile
Maimonides 23.06.2009 - 16:50
Wann ech dir gesoot hun dass ech geif "mengen" di Letzt geif mir am Beste gefaalen, dann heescht dat dass ech Schwierigkeeten haat mech ze decideieren. Fir dir ze weisen dass ech mir genuch Gedanke gemaach hun closed_eye, schreiwen ech dir mol d Chronologie vu mengen Gedanken hei hin:
1. "Wow" super.
2. Schued dass do deen Damp ass.
3. Kee (Freede)Feier ouni Damp.
4. Gottseidank war deen Damp do well soss waer deen Deel irrecuperabel iwerbeliicht,
5. an den Tuurm vun der Spuerkees waer net esou schein.
6. De Public, exzellent an Szen gesaat, ass den Highlight vun deser Foto.
7. An den 2. Highlight ass de Kadrage an deem souguer d Kranen, durch de Fisheye gebeit, dra passen.

Des Remarquen gellen fir di eischt 3 Fotoen. Des sin, am Fong geholl, e scheine Reportage deen d Ambiance vun deem Owend ennerstreicht. Ech richen dat Feier. Mais bei daer 4. ass eng Geschicht hannendrun an de Fuerwetz gett gesteppelt. An duerfir gefaellt di 4. mir am Besten.
Johny 23.06.2009 - 23:29
Dat ass emol interessant de Gedankengang sou ze liesen, wierklech smile
ChLo 23.06.2009 - 10:10
Deng Serie as dir gudd gelong.
Do haas du awer eng Loge-Platz smile
Johny 23.06.2009 - 13:55
D' Freedefeier ass just relativ héich gaang an dofir ware mer liicht no, dofir ass heinsto d' Fënster mat drop komm bigsmile Merci
diddylux 23.06.2009 - 11:20
dat war am casino letzebuerg, wou dir stung, kenn dat sin?!cool
Johny 23.06.2009 - 13:48
Dat ass méiglech ... smile
diddylux 23.06.2009 - 23:41
déi vue kennt mir kenneg fiir bigsmile dofir wollt ech mol einfach nofroen bigsmile
Kleent 24.06.2009 - 15:36
Déi zweet aus der Serie gefällt mir am Beschten vun dem Freedefeier. Déi drëtt gefällt mir am Beschten vun de Leit hier. Lo muss de e Collage maachen tongue

Am grousse Ganzen schéin gelongen! smile
Johny 25.06.2009 - 00:38
Collagen ass net menges ... smile Mee merci awer smile
NikonD80 24.06.2009 - 22:09
flott Serie, an alles anescht wéi langweilech....
Johny 25.06.2009 - 00:38
Merci, freet mech ze liesen smile
annemie 25.06.2009 - 15:43
Hahaha......nëmmen well tonnen sou Fotoen keinten kommen, muss de deng dach net langweilech nennen!!
Insgesamt eng richteg cool Serie. Mer gefaalen 2 an 3 am beschten. Stëmmungsmeisseg, fuerwenmeisseg an d'Leit bei 3.
voilà.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 501 Gäscht online