Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

La locomotive (gefiltert)

 
All Fotoen an dëser Serie:
1028 Thumbnail
1029 Thumbnail
1030 Thumbnail
1031 Thumbnail
1032 Thumbnail
La locomotive (gefiltert)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.06.2009
  • Gekuckt:
    26928
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Bewegung  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=37018]
Kommentar vum Fotograf:
Hei dann dat farwécht Original vun La locomotive
, déi fir Diskussioune gesuercht huet. An dann nach 4 Filtragen:

n°1: b/w gemaach mat DXO FilmPack2 Fujipan ACROS 100, soss näischt.
n°2: b/w mat PhotoTools: Roudfilter a Polarisatiounsfiltersimulation, Filmgrain, Gradatiounskurven an den Himmel maskéiert a separat mat Gradatiounskurven behandelt.
n°3: Photoshop: Siedegung verréngert, selektiv Farfkorrektur, Struktur vun enger Betonsmauer mat Flecken drakopéiert an nach e bessen d'Deckkraaft vum Strukturlayer ugepasst.
n°4: Mat Photoshop Schwrzwäissregeler di eenzel Farfkanäl esou ugepasst, datt et enger zimmléch neutraler Opnahm entsprécht.


Sou! Voilä: elo dierft fir all Goût eppes dobäi sin.


An hei ass dann och elo "mehr Lametta" LOL
Poly 10.06.2009 - 21:17
respekt groussen Hexemeeschter
Nicon07 10.06.2009 - 21:46
Merci!
Jean-Jos 10.06.2009 - 21:46
smile

@Nicon07: wierklech staark, waats du do eraushëlls (La locomotive_nët gefiltert) !
elmuzo 11.06.2009 - 01:27
Zaubereien
patrickr 11.06.2009 - 07:20
(geläscht)
Nicon07 11.06.2009 - 08:31
Däi Discours hei ass immens gudd, an et mierkt een, datts du nach virun net all ze laanger Zäit 100%egen Analogiker wars. An dat ass ganz gudd, dat schätzen ech, well ech selwer schons laang (ze laang !?) net mi analog geknipst hun (außer di puer Spillereie mat s/w, déi awer net sérieux ze huele sin, well ech méch net wiirkléch beméiht hun, mais einfach droplass geknipst hun a gekuckt hu, wat et gin ass. Du hues recht, ech hu mir di Fro och scho gestallt, wéi een ee Polfilter kéint EDV-méisseg simuléiere, wa kee blo an der Foto ass, respektiv, wéi ee Reflexer rauskréich. (dat läscht geet souwisou net, also ass d'Simulatioun souwisou Mumpitz. Dofir elo méng Gedanken heizou.

Echun 2 Polarisatiounsfiltere fir 77mm Gewënn, ee fir 58mm Gewënn an een aale Cokin (Hëllef, wou konnt ech?) fir 52mm. Firwat setzen ech se net an? 1. Ech denken net drun, datt ech se kéint opschrauwen. unhappy - 2. Entweder huelen ech den Astellziips rof, oder ech maache keng Sonneblend op d'Objektiv (Ok, fir datt de Pol ambeschte filtert, muss ee sws d'Sonn am Réck stoen hun)smile - 3. Ech su, virun allem mat der D80 an der Zät festgestallt, datt Digitalkameraen den P-F net ëmmer erkennen, an einfach beliichte, wi wann ee Grofilter drop wier, sou datt den Effekt vum déifbloen, resp. schwarzen Himmel séch a Grenze gehaal huet. Déi Effekter wéi ech se vun den Diaen fréier kennen konnt ech digital net gesin. OK, do gëtt et munech Uursaach: falsche Wénkel, net polariséierend genuch agestallt, automatesch Beliichtung amplaaz manuell, an dach. A mat der D700 hun ech -schumme méch unhappy - nach keng eng Foto mat engem Polfilter dobausse probéiert.

Da muss ech awer nach dobäi fügen, datt an desem Beispill di farweg Foto relativ brut ass, esou wi d'D700 an de CaptureNX2 se gesin. Datt ech duerno selektiv Faarfkorrekture gemaach hun, an dat Blot méi däischter gemaach hun am PS eet ech de Polfilter (resp. de Kanalmixer) driwwer gekéiert hun, dat gesäit een net. An awer hues du recht, Patrick. Esou Manipulatioune maachen dir dat Blot an de Wollécken och mi däischter, an dann ass den Effekt awer net gudd.


Merci fir déng flott Ureegung, esou erfëllt photogen gnz säi Sënn an Zweck. Ech freeë méch op weideren Austausch,

Nico
galileo 11.06.2009 - 10:47
Interessant Diskussioun.
Muss soën datt ech mäi Polfilter an der Bretagne ganz vill am Asaaz haat - an daat mat (a mengen Aan) gudde Resultater - (och wann déi automatesch Beliichtungsmiessung nët ëmmer op der Héicht war.)

Als Pol muss ech awer elo zu dengem Pkt. 2 nach eng kleng Korrektur machen: fir datt de Pol am beschte filtert (wierkt) muss een d'Sonn nët am Réck, mee op 90 Grad stoen hun, oder nët ? closed_eye



Nicon07 11.06.2009 - 10:49
Recht hues du! Här Galileo. Zuelespillerei a Wénkelmiessung war nach ni mäi Spezialgebitt. unhappy
galileo 11.06.2009 - 10:49
closed_eye
patrickr 11.06.2009 - 10:59
(geläscht)
Nicon07 11.06.2009 - 20:16
Ech war dann elo haut mol mam Polfilter um 28-70 drop ënnerwee. Mais et du hues recht, et misst een dem Apparat soe kënnen: Opgepasst, et ass ee Polfilter drop. Well am fong ass bei deene meeschte Fotoen, déi ech gemaach hun, den Himmel net vill méi blo, wi wann ech den UV ±0 drop hun, just datt ech eben e puer Blendewerter "verluer" hun. Mais haut war jo awer am Fong kee richtegt Polwieder. Mais eppes ass mol sécher. D'D700 reagéiert net sou verréckt wi d'D80. Do kann ee rouech mat Polfilter schaffen mat rouegem Gewëssen.
arwa 11.06.2009 - 09:35
fir mëch éendeiteg Nr: 4 !
antoine_spautz 11.06.2009 - 17:40
vir mech sin N°4 an N°5 dei bescht

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 467 Gäscht online