duerfir geséit e och déi Pechvulle vum 13.
gekonnt geknipst wann ech déi metadaten liesen,
aus dem Reflex vun dem Gebei an der Autosfënster, giff ech mengen fir d'Spidol um Kierchbierg
ah sou! ... ech haat den Datum als Referenz geholl
jo, an ech wees leider keen Lada ze erkennen ... euhm nee, pas possible ... ausser ech liesen ët um Auto selwer
tjo neierdengs ass den Originaldatum (bei mir zumindest) déi lëscht gesaveten Aennerung am Photoshop, och wann d'Foto vun anno tubak ass... den Johny kann eis vläicht méi dozou soen... hallo Johny, héierste mech?
Wannste sou eng véiereckeg Schachtel, wéi hei uewe lënks gesäis, daat ka nëmmen eng Lada sin...
aaah ... Schachtel ass gutt
ech war eng aaner "Schachtel" gewinnt oder "Booter" hun mir se genannt ... d'Volvo'en ... mee sie hun sech méi oofgerënnt déi lescht Joeren
... enges Daags ziels du mir deng (awer intrigant) Relatioun zu Russland an Dérivé'en, gell? ...
oje... a waat hun ech mech do erageridden ? Et ass alles sou harmlos... ech muss mer wiirklech schnellstens eng wüst Geschicht aus de Fangere suckelen fiir dasste nët ze vill entäuscht bass...