Gefällt mir zwar ganz gutt Alma, Mir géif nach besser gefallen wann den Himmel ouni Streifen wir, an och riets den baam net drop wir, also nemmen richt Linen, mä wéi gesoot och sou flott. Sin zwar keen Cader spezialist mä géif mech wirklech op schwarz/orange begrenzen.
bon, dei streifen waren eben am himmel an wollt dei och net onbedengt raushuelen.waat d'rumm ugeet, geif ech mengen dass dei net zur geltung kennt wann dei orange wir.
ma ech fannen di Linnen awer gutt unsech, well dér bréngen ech gewëssen Textur an d'Bild, ansonsten wier et vlait e bësse monoton, vun de Faarwen hier, obwuel d'Faarwen zwar ganz schéin sin. Mee dat do ass flott, och d'skyline selwer, just de Profil dovun, net schlecht
Foto gefällt mer ganz gudd, die Sträifen am Himmel stéiren mech guer net. Fannen dei och wei den icemc passend am Bild.
D'Faarwen sin immens schein, deen wonnerscheinen orangen Himmel mecht besonneg gudd.
Wat mech lo just bessen steiert huet neicht mat der Foto selwer ze din, mee mat der Rumm. Ennen fannen ech, ass well genuch schwaarz, an dann och nach eng schwaarz Rumm, dei just duerch di wäiß Linn getrennt get gefällt mir perseinlech net.
Salut Alma,
Ech fannen dass du gudd Zeit muss hun fir um 15 Auer Fotoen ze bearbeschten an up-ze-loaden!!! Mais well haut Freideg as, well emol net sou sin.
Ech sin bessi enttäuscht dat op desem Site vill Leit et net ferdeg brengen eng Foto ze genéissen. Einfach nemmen de Moment vun der Opnahm op sech awirken ze loosen. De Baam stoung eben do an eisen Himmel as net vum Picasso gemolt gin. Et muss net alles um Computer retouschéiert gin fir eng harmonesch Photo ze "roduzéiren"!!!
Ech si keen Expert, an ech gesin bei deenen enzele Photo'en och net waat alles verännert gin as oder wat een nach besser maache kéint. Ech kucken eng Foto an entweder gefällt se mer oder och net. An ganz éierlech, de gros vun dengen Opnahmen (virun alllem deng Nopesch) fannen ech zimlech impressionant.
Ech hoffen hun mat menger Ausso keen getreppelt!? Weider esou. Wanns du Loscht hues, kanns du och d'Foto'en vum Luke maachen. Géif mech freen.
Also ech fannen dës Photo ganz flott. D'Sträifen am Himmel stéiere mech guer nët, ech denken ët ass souguer besser mat wéi wa se nët dowieren, well da giff d'Bild wiirklech kënschtlech ausgesin. Bei der Rum muss ech allerdéngs och soen dass se mer nët sou wahsinneg gudd gefällt. Wäiss Linn ewech, an dann op de Säiten (also riets a lénks) nëmmen 1 Pixel schwaarz. Sou kéint ech mer se gudd virstellen Mee bon, Rummen, dat ass ëmmer Geschmacksaach. D'Photo selwer ass op alle Fall super gelongen!