Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fab.

 
Fab.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.02.2006
  • Gekuckt:
    23550
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/180
  • Blend:
    f 6,
  • Brennwäit:
    33 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    158 KB
  • Originaldatum:
    24.04.2004
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 10 D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=3576]
Kommentar vum Fotograf:
TK 09.02.2006 - 23:28
genial!
mmphotos 09.02.2006 - 23:32
fannen se tiptop..eps muss ech zwar kritiseieren.Fannen et schued dat d'hoer iwwerbeliicht sin...
n0brein 09.02.2006 - 23:36
merde mam bleck wär de marc lo mi seier, daat eenzegt waat ech lo na ze soen hätt wier datt den hauttoun fun de feiss e besse komech wierkt
Johny 09.02.2006 - 23:37
TK: Entweder so genee waat der gefällt oder looss et sin. Mat Kommentarer wei "Genial!" hellefs de kengem, huel der mol e Beispill un aaneren ...
rhconcept 09.02.2006 - 23:49
@ mmphotos: iwert de blëck vun der fraa (ass schon 28 an huet e kand vun 2 joër) kann én diskutéieren ma sou begrëffer wéi "äus dem geckenhäus" fannen ech ganz einfach nët ubruecht, nët mol fir leid déi an mussen an der psychiatrie sin.

@n0brain: den häuttoun vun de féiss ass effektiv méi däischter, kënnt warscheinlech dohier, dass den haaptblëtz vu lënks uewen
koum an d'féiss duerfir manner liicht kruuten.
mmphotos 09.02.2006 - 23:54
wei ech jo direkt soot as daat net sou gemengt. An ech wes et as net ubruecht mee wosst net wei ech et soss soen wollt (zur fra as zwar na an topform net schlecht) An sry weinst dem comment as mer sou rausgerutscht.
rhconcept 10.02.2006 - 00:15
alles o.k. meng ménung ass dass mir eis sollten an eise kritiken op d'foto an selbstverständlich den auteur vun der foto, de fotograf konzentréieren, den jo säi model och sollt dirigéieren waat de blëck, pose a.sw. ugét. kritiken si jo nun mol do fir dass de als fotograf op detailer opmierksam gemaacht gës, déi s'de eventuell elwer nët gesinn hues oder déi der nët direkt opgefall sin an dodurch besser fotoen ze maachen.

Déi déi sech als Affer hier gin, fir dass mer sou fotoen maache kënnen sollte mer respektéieren. fir dass et nët souwäit kënnt wéi op e puer äuslänneschen foto-siten wou a kritiken massiv de geck mat den oofgebilden persounen gemaacht gët. well op sou siten posten ech keng foto méi.

haat nach vergéss op d'kritik mat den iwerbeliichten hoer anzegoen: daat ass bäi wäissem hannergrond an hellen hoer generell mäi problem, well ech den hannergrond getrennt beliichten an ublëtzen an nët allzevill plaatz hun fir meng personagen wäit genug wegzerëckelen (ca annerhalwe meter). wéss de do wéi ech daat vermeide kéint?
mmphotos 10.02.2006 - 00:10
also nee den rh spennt net. Ech haat an een komentar hei wou ech eng onschein bemierkung gemeet hun...an fier ze weisen dat et mer leed deed hun ech lo leiwer wann den komment gelaescht as.

Sou lo na eng keier zum bleck. Fannen deen einfach net gudd gerooden!
n0brein 10.02.2006 - 00:26
wann ech na eng keier zum bleck kommen därf,

waat ech eigentlech och firdrun well soe wollt ass datt de bleck komech wierkt doduerch datt een aan e besse mei ropkuckt wei daat aanert, doduerch gesait een na e bessen vum waissen deel vum aan, an daat iriteiert iergentwei, an deem moment wous de d'foto gemaa hues ass et der warscheinlech net opgefall well et am fong nemmen eng klengegkeet ass, mee se huet eng zimlech auswierkung op d'gesamtbild. Fannen ech mol
rhconcept 10.02.2006 - 00:36
effektiv, daat war mir bis elo nët opgefall. ech haat him gesoot et sollt de kapp zimlech déif haalen an irjendwéi sou nom motto"hee waat wëlls du do " drakukken. well d'foto vu lënks uwen geholl ass, wirkt daat ént aen lo méi grouss. Merci fir d'erklärung.
RoY 10.02.2006 - 05:52
Also unsech fannen ech se gudd dass eeben just wei schonn gesoot dass feiss mei deischter wierken an d'hoer iwwerbeliicht sin. Daat eenzecht waat een nach hätt kennen veränneren daat wier d'Luut allgemeng, ech fannne dass Model eng zimmlech hell Hautfuerf huet quasi guernet gebrongt. Do hätt een fleit missen mat mei waarmen Liicht schaffen oder Foto mol am schwarz / weiss probeieren.
mmphotos 10.02.2006 - 07:04
mat den ze hellen hoer wees ech o net wirklech...fleit een schwarzen karton sou nierft den bletz dat keng luucht vun d eem bletz op d'modell faellt...oder een wabenfilter...mee dann kris de rem ent deen ganzen hannergrond hell....mee wann ech dei naechstenkeier eng keier am studio sin probeierenech daat awer.
Gluckes 10.02.2006 - 09:25
respekt gud foto, mee keint en net den schied mam Photoshop radeiergummi an fell emmer ausgleichen.
DenDecken 10.02.2006 - 11:11
Ech fannen dei Foto soll sou bleiwen wei se as, an net nees eppes mam Photoshop drun änneren !
Soss kinnt dess HP och "Design by Photoshop" heeschen !
CANON 10.02.2006 - 14:40
Eng gut Belichtung , schärft ass O.K. D'Poss ass super...Je eng glatt 9 well du houes jo kenn Studio vun 20 op 20 Meter smile
Mojoo 10.02.2006 - 15:08
Wat mer gefällt ass den Kontrast zwescht den schwaarzen Faarwen (schwaarz Kleedung vum Model) an den wäissen (blond Hoer an weissen Hannergrond). Am allgemengen ass riets iwwerbeliicht, gesait een och nach gudd op der Schëller an fir op der lenkser Hand. Mee du soos jo dass dat een Problem waer.

Wat mer net gefällt ass d'Pose vun den Féiss an den Blëck vun der Fraa, an zwar doweinst well ech net wees wat d'Model mat dem Gesiichtsausdrock ausdrecken well. Jo, wann et elo grinsen giff fir et nach mei schlecht smile) Dofir weisst ech och net wei maan.. Ass net su einfach :o)
Lali 10.02.2006 - 19:24
fannen daat keng schlecht foto, d'haut un scheller a been schimmer schéin an de contrast hell/donkel ass och gudd gerooden, zumools well et na stulpen unhuet net nemmen de ploower schwaartz ass...
d'féiss hun effektiv eng bessi leblos fuerf, mee de grond dofir hues de jo schons aklaert...

waat ech allerdings am witzegsten fannen (mee huet net wiirklech eppes mat da foto un sech ze din...) ::
guckt aech enka d 'hits un... 250 fir di heite foto, wougéint aanerer di zur selwechter zeit ropgeluede gi sin da zum deel gaaaaaaaaanz wait vun den 100 weg sin... de grond lait 'tierlech op der hand... closed_eyeclosed_eyeclosed_eye
fannen et just iagendwéi lustesch... hihi
rhconcept 10.02.2006 - 20:22
Hun lo och misste laachen wéi ech däi Kommentar gelies hun. Daat ass mir och schon virdrun opgefall, et as é Phänomen den nët nëmmen hei um Site ass. :o) wann ech d'Statistiken vun den Klicken op mengem égene Site vergläichen dann hun ech der z.B. am Januar fir d'haaptsäit 850, direkt gefollegt vun Nuen mat 528, Portraien 270, Landschaften nëmmen 192 an Architektur ganzer 27.....

Fir déi déi sech mat dem Genre vun Fotografie oofgin, déi wëssen, dass et nët grad déi einfachst Sparte an der Branche ass, a mir kréien jo all Daag massenhaft gudd a mat riesegem Opwand gemeeten Fotoen an dem Genre an Héichglanzillustréierten gebueden. Ma déi Qualitéit mat Amateur-Modelen an engem Kellerstudio vun 4x2,5 m a just enger Héicht vun 2,05m an é bëssui PS-Know How ze erréchen ass nët evident ma mëcht trotzdem Spaass.
Lali 11.02.2006 - 11:32
lol, rh... an dobei gefaale maer deng portraiten am beschten...:p
mee bon et schengen dan wuek di menschlech (oda männlech XD) instinkter ze sin...
scoty 15.02.2006 - 17:34
ech fannen d bild ganz flott
mee hatt kuck awer einfach schrecklech drann

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 629 Gäscht online