Hm also mir gefällt se, sou wéi se do ass, definitiv net. D'Idee ass guer net sou iwel, mee deen Flou ass vill ze vill staark! Probéier deen emol mi schwaach ze maachen, an net grad sou dass een genau erkennt wou en ufänkt. Dann wier se bestemmt schon vill besser. Kanns eis d'Resultat jo uploaden
Ausser dem ze staarken Flou steiert mech nach lenks, an der Aaenhéischt, een Fleck deen nierwt den Hoer ass. Ech denken et ass een Hoer dat bessen eweschsteet.
Hues de dei nemmlecht Foto och probeiert mam Mond dropp? Dat heescht bessen mei héisch fotografeiren, manner Stiir, dofir den Mond dropp. Vlait wier dat och flott gin Mech irriteiert dat Schwaarzt ganz ennen riets am Eck.
Also ze gebrauchen ass des Foto ganz secher, ma wanns de d'Méiglechkeet hues se nachengkeier ze probeiren, keints de se jo mol am Héichformat maachen?
Nee zweifelen lo awer op Héichformat giff gudd gin, wat mer elo nach an den Kapp komm ass, wier et mat sou enger Aart Panorama Vue ze probeiren, hoffen verschtees wei ech dat mengen. Daan eben net mei souvill vun der Nues, bessen Stiir, an d'Aan genau sou wei et ass
sin da selweschta meenung wi d'NoHa... iagendeppes fehlt... ass wahrscheinlech well et flou su staark ass an een sou baal gue keng detailer vum gesiicht geseit...
mee de kontrast b/w mat gringem aaen ass gail...
Dat do ass nees en typescht celinou Bild Interessant. Déng ganz Biller hun iergendwéi ëmmer eppes interessantes, och wa mir perséinlech nët jiddereent dovunner wahnsinneg gudd gefällt (déi meeschten awer), sou muss ech mech dem No_Saint uschléissen: weider sou, nët ophalen mat experimentéieren!