Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tyler Hill

 
Tyler Hill
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.04.2009
  • Gekuckt:
    46527
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1 Stonn
  • Blend:
    f/4,5
  • Brennwäit:
    10 mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
    430EX
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    740x493
  • Späicherplaz:
    180 KB
  • Originaldatum:
    22.3.2009
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 40D
  • Programm:
    Manuell
  • Objektiv:
    Sigma 10-20mm 4-5.6 DC HSM
Kategorie: Bewegung »» Owes / Nuets
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:
Trépied
Blëtz
Campingstull
Peschband


Fir anzesetzen: [pg_img=35647]
Kommentar vum Fotograf:
81/365. http://gloda.net/pad
An der Digital Photography hu se erklärt wéi een soueng Foto ka maachen an do hun ech dat emol ausprobéiert.
gloda 22.04.2009 - 14:17
E bësse méi am Detail wéi een dat da lo mëcht:
Fir d'éischt sicht een sech e Stärebild eraus. Ech hu mech sou gestallt dass de Polarstär just iwwer dem Bam as, dann dréint alles do rondrëm.
Et brauch een e gudde stabillen Trétongueied deen iwwert eng Stonn net wackelt.
D'Beliichtungszäit stellt een op 30" oder sou laang wéi méiglech ouni eppes iwwerzebeliichten wann nach aner Luuchten sollten am Bild sin.
Dann stellt een den Fotoapparat op Burst Mode. Fir dass den Apparat elo (mindestens) eng Stonn lang Fotoe mecht muss een entweder eng Fernsteierung benotzen, oder wann ee wéi ech grad keng bei Hand huet eng aner Manéier fannen fir dass den Ausléier gedréckt bleiwt. Ech hun eng Pärel op den Ausléiser geluecht, rofgedréckt a Peschband driwwer.
No all de Stärefotoen mecht een nach en puer Dark Frames, also einfach Fotoen wou den Deckel um Objektiv as.
Dono hëllt een all d'Fotoen, am RAW kann een evtl nach als Batch all d'Fotoen e bëssen upassen.
Dann schéckt een all d'Fotoen an d'Darkframes an den Programm "Star Trails". Deen setzt se zesumen.
dr_kim_veis 22.04.2009 - 14:54
cool, merci. schein foto och!
Mika 22.04.2009 - 18:05
Experiment geglückt! Wierklech mega coolt Ergebnis, an ass zimlech intressant ze gesinn/liesen, wei daat ganzt zustaan komm ass!
klex 22.04.2009 - 14:19
Ah dat wollt ech schon emmer maan mee wuar na nie genuch motivéiert iergentwéi... lo am summer wan et an der nuet mol mi wuarm ass probéiren ech et och smile fannen deng ganz gudd, och flott dat nach eppes am firgrond ass, a net just d'stären!
Gaga 22.04.2009 - 19:27
dito, ech hun schon oft probeiert, mat klengen blenden etc ... iso rop a roof, mais ENG STONN ze beliichten as mer nach net an den kapp komm !
super resultat !!!!
ps: @gloda : kanns de filleicht eng kuerz erklärung zu den darkframes an deem program gin, fierwaat as deen gut ... resp. fierwaat muss een nach doderduerch goen ?
gloda 22.04.2009 - 20:13
Darkframes sin fir dono d'Rauschen an den Grëff ze kréien. Den Programm erklärt sech u sech vum selwen, du lueds d'Fotoen dran an klicks op Start oder sou.
Jefferson 22.04.2009 - 15:15
Sau rau Foto, gefällt mer deck gudd smile

An merci fir erklärungen, mengen daat muss ech och eng keier probeieren

cheers
Polinger 22.04.2009 - 17:29
d'ergebnis ass säuguud! bigsmile
spako 22.04.2009 - 18:13
All Respekt! sou Staerefotoe faszineiere mech emmer an ech hun daat sou nach ni hikritt!
Shantideva 22.04.2009 - 19:03
Gefällt mir ganz gudd. An Merci och fir d'Erklärungen. Ech hat mir schon öfters d'Fro gestallt wéi sou Fotoen entstanen sin.
Focus 22.04.2009 - 21:19
an den Baam nach e puer mol geflashed? Super geschaft. Wärs de 1 Stonn lang an den Pub?
gloda 25.05.2009 - 00:07
Jo zum Schluss nach zweemol drop geblëtzt. Nee mir soutzen zu zwee eng Stonn an der Keelt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 509 Gäscht online