Bullet For My Valentine, den 18.4.09 am Atelier!
Mech interesséiert wat dir vun der Foto haalt, besonnesch well ech a leschter Zäit jo e bëssen Sträit mat mengem neien Apparat hat...
yay!blo an giel an ... alles
baal perfekt kadreiert (den ugeschniddnen Schung steiert eng winzech Grimmel) mee dEnergie kent (wei bei denen anren och) gudd riwer!
gefellt mer gudd
Et ass jo normal dass eng Kamera bei ISO 2000 rauscht. Daat machen se alleguerten. No desem Post sin ech mol e bessi um Internet sichen gangen an hun och e puer Seiten font déi di nei Modeler vun denen zwou groussen Marken Canon an Nikon verglach hun, an do ass d'Resultat ongeféier gleich. Ech hun elo d'Original vun der Foto net an Originalgréisst gesin, awer ech gin mol dovun aus dass daat een ganz normalen Grain ass wéi en bei sou enger ISO-Zuel och z.B. bei der Nikon D700 ze gesin ass.
Kuck mol hei:
http://www.nikon-fotografie.de/vbulletin/showthread.php?t=73953
Dass all Kamera ab engem gewëssen ISO Beräich rauscht ass effektiv normal.
Dass ech vun der Leeschtung vu menger 5DMKII am Rauschverhalen enttäuscht sinn ass am Veglach mat der "aler" 5D gemengt. Ech hat mer do eben e bëssen manner Rauschen erward...
Merci awer och emol fir däi Link!
also, den Dynamikëmfang vun der MKII fannen ëch mol em - Klassen besser , an nët nëmmen déen !
mam Rauschen sin ëch och ganz zefridden,
ët duerf éen keng Wonner erwaarden, rauschen dinn së all, mei oder manner.
Du duerfs nët vergiessen, dat deng - aal - 5D , wat Rauschen ubelaangt, schon eng Klass fir sëch war, sie as ëmmerhin schon e puer Joer um Maart !