79/365. http://gloda.net/pad
Ech hu mer en Macro Objektiv geléint an dunn och mäin Ringlight Adapter domat ausprobéiert.
Ech hun och den Original eropgelueden da gesidd der e bëssen wat ech bei esou enger Foto zwaffen.
Photoshop:
-Dat Wäisst opgehellt an desaturéiert.
-D'Iris an den Faarwen gestärkt.
-D'Pupill ofgedonkelt.
-Den 'Catchlight' getrimmt a geréckelt.
-Dodge a Burn fir Kontrast dran ze kréien.
-D'Haut desaturéiert fir dass d'Iris am Verglach méi farweg wierkt.
hehe klassech verarbeschtung...bis op den Rengbletz hun ech o su eng Kollektioun um HD...
mengn just souschein faarwesches as awa keng derbai...zumindest nie an der originalversioun hehe
wow. schein. I love the catchlight. Ech mengen schon eleng fier sou gail catchlights ze kreien brauch een en ring flash...
Edit: iwwregens krass dass dei aan schon am original sou faarwen hun...