An dein Titel.. sprecht mech un! Ganz flott.
Riichten Horizont, schein Spiggelung vun der Sonn, an dei einsam, gedankenvoll Atmopshär deis de wolls riwwerbrengen ass der ganz gudd gelongen!
Nee mee et ass mer mol netmei dirket agefall dass du och dei Foto gemaa hues deis de als Avatar hues.
Deen Genre vun Fotoen hun ech einfach immens gaeren.
ganz flott photo & titel, mais d'rumm stéiert mech och liicht, an dain "by icemc" ass zevill tëschent d'rumm an de bildrand gequetscht! villaicht d'rumm ganz weg, an den numm liicht vum bildrand weg? d'photo bleiwt flott!
Foto: Ganz flott, schéin Atmonsphere! Beliichtung perfekt. Sonnenreflektioun fällt net zefill op, Bild ass einfach ausgeglach. Cadrage och ganz flott!
Rumm: Ech géif den Numm ganz ewech maan, bon, ass lo deng Entscheedung, dain Numm steet och ennert dem Bild esou an et steet dobai et dierft keen se benotzen vir eegen Zwecker. An wann een se wierklech klauen well, dann ass den Numm souwisou an engem Handgreff ewechgepinselt oder gestempelt oder waat och emmer. Wann den Numm dann fort wier, géif ech d'Rumm e bessen méi no un den Rand setzen, dann fällt se net méi sou op. An Rumm kann een dann och net waiss maan, mee an desem Fall beige oder sou, eng neutral Faarw, déi e bessen iwwerall am Bild firkennt.