Eng ganz schéin Photo! Flott Motiv, schéi Faarwen, schéi cadréiert, tiptop! Dat ass lo normalerweis nët sou schlëmm, mee bei sou engem flotte Bild ass een dann heiandsdo e bëssi méi kriddeleg wéi bei aneren : déi zwou schwaarz Streifen op der lénker Säit hätt ech nach ofgeschnidden.
Di Stemmung do as immens berouegend. Ech fille méch wuel, wann ech di Foto kucken. Kadréier just nei a looss lenks ee gudden Tentimeter wech, an dann as dat Bild esou wi et soll sin.