apokalyptesch Stëmmung iwwert der Staat,(wat e bëssen jons den Zukunftsprognosen entsprécht)
méi iergendwéi stéiert mech dat den Horizont jons bal fisheye ass, wat ech béi dëser Opnam net esou flott fannen, e 18er oder 24er giff och brëngen
Merci vier aer mei oder weineger positiv Kommentarer mol.
@deendo: Ass Architektur, waat stells de der do vier waat een vill mecht? Bessen mat den Linnen an der Teinung spillen an daat war et. D'Gebaier gees de secher net verenneren.
@Poly: Den Horizont ass bal riischt, well en an der Mettelax vun der Foto luch, hun ennen bessen geschnidden, d'Coque kippt no hannen, wei gewollt. Gesin net ganz waats de mengs. Ahjo... SCHons, wan mer schon anzwech ob Letz. kommunizeiren kennen dan weg och richteg.
@Tun an Rolacro: Freet mech daat d'teinung och bei ierch gudd ukennt, haat puer Versiounen gemaach an war ma wei ueblech net secher weieng dei Best wier.
erde @ metalbambi,
ech mengen domat, dat deng Stëmmung an der Foto flott ass, mä wéi gesot hätt do draus méi gemeet well, wéi ech se gekuckt, hunn ech direkt no den ufoen gesicht do déi aus dë wolleken kommen
ech hët léiwer gebéier "normal gesinn" an zwar wir do en 28mm objektiv méi ideal gewiescht, da wieren si och riicht
mä bon wann s du léiwer hues dat se kippen dann ok,an deem heiten fall het ech se "raumschëff entreprise" genannt an net coque
dat es meng meenung zou der foto,
.......da heiten ass mat "http://spellchecker.lu/online-checker/"
geschriwwen a iwwerpréift!!! also op richteg "lëtz" geschriwwen
néischt fir ongudd.
Menger Meenung no, an domadder sin ech net alleng, geet et bei der Fotografie net drems eppes 'remzekatzen' waat een geseit, an deem Fall ass d'Resultat just eng Fro vun der Teschnik, mee et geet drems Kreativiteit matranzebrengen. Wans de wels d'Coque gesin wei se ass, dan gei ob hieren Site a kuck se, wans de wels interessant Fotoen dervun gesin, hues de besser hei um Site ze sichen.
Wans de e Portrait mess dann kanns de och eng Passfoto maachen, dan geseis de wei et wierklech ass, obs de eng interessant an flott Foto geseis... eichter net.
Zum Thema 'Letz.': d'Soll een sech alt weinstens bemeien richteg ze schreiwen, wann een net all Accent an Threma iwwerall hinsetzt ass verstaendlech, mee SMS- an MSNkauderwelsch ass ze vermeiden. Ech behaapten jo och net daat meint richteg wier, hun et mol nie richteg geleiert.