Ah do ass se jo: huet d'Thema vum Contest wéi d'Fauscht op d'Aen getraff: mir hun eis heiheem gerullt
Cool Iddi ganz flott ëmgesaat.
Respekt Thikoo, wéi ëmmer passen d'Grimassen
mmh fannen Foto och gudd
mee ech muss leider soen dass ech zesoenen dei selwescht foto schon hei gesin hun an dei war net vun der.
daat heescht fir mech dass dei idee net nei ass ( ech well der awer och lo natirlech net ennerstellen dass de idee geklaut hues, sou ass daat net gemengt)
Leider ass deen wou foto gemach huet nemmei hei um site sos hät ech der foto gewissen
Déi Idee ass, wéi vill aner och, net nei (géi emol eng Kéier op d´fc kucken).
Mee et wor enner anerem déi Foto, vun dem fréieren User wou´s du sees, déi ech an Erennerung haat, wéi ech fir desen Contest wollt eng ´verreckten´Foto maachen.
Et sollt awer op kee Fall eng Kopie vun der anerer ginn !