virwaat, as dach eng ganz normal Fro an ët ka jo jidferéen seng Méenong hei derzou bei droën............ all Mënsch geseit jo (sou) eng Foto mat aaneren Aaën an daat as gudd sou
eben, all Mënsch geséit se mat aaneren Aën. Et as besonnech schwéier bei
engem Streetbild no engem déiwere Senn ze froen. Do as et méchtens (mol bei mir, a wann ech déng Biller kucken , och bei dir ?) de flotte Moment dén am ganzen Emfeld just zu dér Zeit herrscht, an dén é net ka mat am Bild afänken.
Do muss net onbedingt e Senn dran ze siche sinn. Einfach en flotten Ablèck, sos néicht, Street ouni hannendrun ze sichen. ((-:
hm...stellen mer och dFro nom Senn fun der Foto!giff op allefall oppassen dass dAussoh kloer as!
an desem Fall as fum Fotograf guernaischt fiergin an ech gesin dann amfong naischt extraes drop an giff se eischter als Schnappschoss gesin....
henkt weigesoot fum Kontext oof densde hier "muss" gin!
Ech kann mir eet virstellen wei eet gemengt ass, Ett ass keen Bild waat een all Daag esou hei ob der Platz esou gesait , an den USA wir daat warscheinlech mei oft den Fall, do keint een den Rousengärtgen als Cental Park dur stellen ,
fann daat eng gudd erklärung oder
Ray
Waat ass de Sënn vun dëser Foto? Een déiwere Sënn brauch éen nët dra sichen ze goen, well ëch së, wéi de BlackPanther ganz treffend bemierkt huet, selwer och just als Schnappschoss gesinn. Waat mir an d'Aa gesprongen ass, sin déi siwe Männer mat engem klenge Kand a keng Fraa wäit a bréet... daat ass dach iergendwéi onüblech, oder?
Wann déi Leit lo "Wäisser" gewiercht wären, hätt, mengen ech emol, kéen nom Sënn gefroot. Ech hu selwer genuch Afrikaner kannt an wéi iwerall gin ët esou an esouer. Et brauch also ké mer direkt oder indirekt Rassismus ze ënnerstellen, wann ën ët trotzdem mëcht, dann ass dat säi Problem.
Zum Titel a Kommentar: Ouni den Titel, hätt wuel kaum éen déi Szen mam Rousegärtchen assoziéiert, well së, wéi de Ray schons soot, nët alldéeglech ass.
Dem arwa säi point de vue ass iwriens och ganz interressant
Et freed mech daat ze liesen. Mir hun genug Rassismus hei am Land (och wann daat ganz oft aanescht duergestallt get an der Presse) an ech sin frou dass du desen Kommentar geschriwen hues. D'Iwerschreft an den Kommentar lossen immens vill Interpretatiounsfreiheet. Elo ass et kloer.
jop , gin dem Shanti recht!mat dem dooten derzou as daat ganzt an een Konntext gereckelt!
dem ArWa seng approche as effektiv och intressant!am Kontext -Auswanderung- reckt daat ganzt an een ganz anert Liicht
merci
Merci fir däin Point de Vue Jaycee.
Ech hat näischt direkt aussergewéinleches an der Foto gesin, dofir wollt ech wëssen wat dech un der Szene interesséiert huet.
Ech hun als eicht geduecht wei ech dei Foto gesin hun : Hei, do wuar erem een an den Staaten an t'Vakanz !
An genau daat as daat waat dei Foto sou "Witzeg" mecht, et mecht engem t'Aen op, dat Awanderung an t'Meschung fun den Nationaliteiten allgeigenwärteg as ... och wann mier daat hei am Làndchen vergiessen ! Mir mengen jo mir hàtten an den 50er t'Italienner kritt, an den 70er t'portuguisen an nach nom jugoslaveschen Krich e puer Serben an Kroaten, an daat wor et dann !
Ech selwer sin aus enger Awandererfamil, an hun eben och deen "Fehler" Schwarzer direkt mat Harlem, Gospelt an Leichtathletik ze verbannen !
Dest Bild as en Beweis dat mier (wei sou oft bemierkt) en Gewunneschts-Deier sin ... an eben jiddereen seng "Fierurteler" am Kapp huet, woubai daat weder rassistesch oder negativ muss sin ! Keng grouss Fotokonscht, mais en Deifgrennegt Bild !
d'Italiener koumen an de Johren 1870 scho bei eis,
ouni sie wiere mir, wei stoung lo kuerz an der Zeitong ;
Was wäre Luxemburg ohne die italienischen Einwanderer? Ein armes, kaltes Ländchen vor den Ardennen.