Sou gefällt se mer wierklech besser muss ech soen. Eischte Bléck geet op d'Foto selwer an uewen op den Titel, wéi et sin muss! Bei deser Versioun gefällt mer och besser, dass een di Dossier'en an su besser geseit wéi bei der zweeter Versioun, wou se duerch d'Schrëft verdonktelt goufen. Knalleg farwen, top Foto, Logo ass lo och gutt mat Waiss ausgefellt an ënnen d'Informatioun op den zweeten Bléck ze erkënnen, knapp a kuerz..
Also, do ass d'Typo schon besser.
Just, also dei Font vum Titel hat ech och well roofgelueden, mee wat mech do steiert, ass, datt se sou kleng Flecken hudd, also beim F an S geseit een se schein.
Dei meisst een wegkreien, mee d'ass emmer gefierlech en Font änneren ze goen weinst den Rechter.
Well d'Foto ass jo kloar an geomtresch, propper opgebaut, d'Schreft hudd dann awer sou kleng weiß Flecken.
D'Form vun der Schreft passt.
D'Informatiounen ennen se scho vill besser, liesbar, kloar struktureiert.
Just sen an den Zeilen d'Oofstänn vun de Buchstawen emmer verschidden, wat beim Datum z.B. d'Lesbarkeet aschränkt.
Dat kentn wahrscheinlech duerch d'Textbox an d'Auswahl vum Paragraphenformat.
Giff der rooden einfach alles Mittenbündeg (wei soll een et nennen) also datt den text an der mëtt bündeg ass, wei een et oft bei klengen Gedichter geseit, (probeiren et sou ze erklären). Dann kinns de flait souguer leng duerch dei verschidden längten vun den Textzeilen eng aart Raumdeift erzielen, dass enescht Zeillängt am längsten ass, dei ierwegt mei kleng. (Verstehs de? Ass schweier dat ganzt ze erklären, visuell wirr et mei einfach)
D'Fro stellt sech och ops de dei gro Textbox matt Alphawert brauchs?
Ouni Kerning huet dat ganzt zimmlech wurreleg ausgesin wou eng Zeil méi laang war wéi déi aner. Mee dat mat der Raumdéift op déi Manéier kann ech nach eemol probéieren.
D'Textbox hun ech dra gesat fir dass den Text méi Kontrast par rapport zum Teppech krit, soss as et wäiss op gro. Net néideg?
D'Schrëft uewen kann ech evtl nach änneren, se heescht Maple Origins an as op AvantGarde an Avantgarde Alternate baséiert, also kann ech un sech d'Originaler ouni Grunge Effekt benotzen.
Also, sen un sech och nëmmen Proposen dei ech hei maan, d'ass epeps aanescht wann een dei verschidden Saachen kann direkt am InDesign kucken kann, wei se sou an sou ausgesin.
Ouni den Grunge Effekt wirr et menger Meenung no besser, d'passt einfach besser an d'Gesamtbild.
Wat lo d'Textbox ugeht, also Weiß op Gro geseit een jo awer dachs, an passt och gudd zesummen, weiß a schwaarz ass do z.B en ze staarken Kontrast. Gro passt awer gudd zu weißer Schreft, doweinst hudd mech dei zousätzlech textbox mam Alphawert lo gewonnert.
Wat natierlech kinnt steiren, wirr den Schied. Do muss eend ann effektiv testen op et lo matt oder ouni Textbox matt Aplhawert besser ausgeseit.