Ganz vum Auto huelen wär natirlech dei Idee gewiescht En plus hat ech jo nach en Schrauwenzeierset am Auto leien. Dorun muss ech nächst keier wierklech denken. Gudd Idee, thanks
Fir een eischten HDRI ass se dir schon mol gelongen bis op den Faarwstach. Du misst nach een Weissoofgleich machen an e bessi mat den Kurven am PS spillen.
Beim Farwstach muss ech ganz eierlech sin, den huet mer iergendwei zougesot, obwuel lo wous de et soss geif ech se gär mol mat engem richtegen Wäissofgläich gesin. Mengen testen dat mol nach. Merci fir däin comment
Iert ech dir den Kommentar geschriewen hat, hun ech daat eng Kéier schnell probéiert. Probéier einfach mol mat Auto Color, dann huet se net méi deen Magentastach. Wann een se e bessi sou gekuckt huet gefällt se och ganz gudd esou, awer wann een se dann awer mat dem richtegen Weissoofgleich geseit, dann gefällt déi awer besser.
Jo hat et och lo mol getest. Ass schon iergendwei ganz anescht. Denken ech probeieren mol an engems t'nummerescheld lass ze gin an wann mer dat gelengt dann lueden ech se nach eng keier verbessert erop.
Dofir dass et mäin eischten Versuch ass war ech selwer och iwwerrascht wei gudd se nach gin ass. Mam Nummerescheld wousst ech einfach net wierklech wouhin domat, mais do gin ech der vollkommen Recht, dat hätt ech kennen anescht man.
Gefällt mir och super! Zum numeroscheld, wei wier et dann wannste et einfach am PS wechretuscheiers, get zwar e besschen gekniwels mee ass awer machbar!?
Besse Gekniwwels Mengen dat ass vläit bessi ennerdriwwen. Meiglech ass et, mengen ech probeieren dat och eng keier, mais dosuerch dass t'Fläch ziemlech grouss ass an weineg material do ass fir ze clonen dierft ech wuel vill manuell molen mussen