Gefällt mer wesentlech besser wéi déi 3 lescht Photoen an dem Stil. Déi ware mer einfach zevill däischter, haten fir mäi gout wiirklech naischt Besonnesches. Déi hei gefällt mer wiirklech besser. Schéi Faarwen, Motiv gudd platzéiert, flott mat dene helle Streifen am Himmel an eng Rumm déi gudd passt.
Den Iwergang vun blo op donkelrout an dann nach déi hell Straifen, wirklëch super Faarwen, déi eng herrlëch Atmosphäre hirstellen. Vum Himmel hier schon genial, an dann nach zousätzlëch dem Joëllchen sein Baam als Silhouette ...
Respekt Focus !
Johnny, komesch das du "EMMER" nemmer roof Votes ???? Jiddereen mengt et wir +/- eng 9 , du Votes praktesch nie, awer dan mat enger 7. Hoffentlech mest et dir wéinstens Spass.
Sujet: Net schlecht. Farwen: top. Déi Kondensstreifen: Gudd getraff. Den Baam: baal zevill geschärft. Den Iwergang teschent schwarz an roud op der rietser Seit schëngt ierjendwelch Artefakten ze hun (JPEG-Kompressioun?) D'Photo insgesamt ass mir emmer nach bessen zevill donkel. (An jo, hun extra den Histogramm gekuckt
Muss ech mech dofir entschellegen dass ech weinstens net direkt 10'en vergin? Ech hun de Vote-System sou opgebaut, an ech denken ech sin hei mat ee vun denen eenzegen den wirklech den Vote-System verstaanen huet. 7 ass nach laang keng schlecht Bewärtung, fir dass daat kloer ass. "roof-voten" ass eppes ganz aanescht, daat ass sou wei eisen Kolleech den cyber et gemaach haat bei 4 Fotoen.
hätt ech lo eng Bewärtung enner 5 gin dann hätt ech deng Reaktioun verstaan mee sou kennt se sou riwer weiwann am Fall wou een 10 gevote huet jiddree misst 10 voten. An 2 Leit hun och 8 gin, meng Bewärtung ass just ganz knapp drënner, also ech verstin deng Opreegung wirklech nët.
An ech voten praktesch nie? Also wann ech mol geif e Script laafen loossen den zielt wen am meeschten gevote huet sin ech mer secher dass ech do ënnert denen eischte 5 wärt sin.
Dei meescht Bewärtungen dei ech oofgin sin effektiv 7 an 8, 9 ass fir mech just fir Fotoen reserveiert wou een denkt se wir perfekt wann net grad nach hei an do eng Klengegkeet wir. Also ass 7 an 8 fier mech eng gudd Foto, dei mech awer lo och net direkt sou mega beandrockt. An genee daat verstin dei meescht nët, dass z.B. 6 och nach emmer heescht dass d'Foto gudd ass !
Wéi um MSN erklärt as et mir net drem gaang wéi vills du gevote hues, mä wéini. Wann een zB eng 8 huet an du votes eng 6. Da hues du zwar mat der 6 gesoot : Déng Foto as ok, an awer hues du negatif gevote vir sein Score wäll en jo dan vun 8 op 7 fällt (+/-) Natiirlech och keen Problem, just ech hun bei dengen Voten bei mir den Géigendeel nach nie festgestallt. An dann nerft et. Sos as awer alles an der Rei
mir gefällt die iwwerschärft am baam net :/
iwwert deenen beem do hanne, wisou as do su eng schlecht qualiteit?
hm ech fannen deng rumm hei mescht d foto nach ze deischter :/
hun wéi et schéngt mam resizen; ganz oft am klängen schlecht. Waat Helegkeet betreft as män Gout zwar oft anneren ze deischter. Luden mol eng ähnlech méi hell op.
Haat guer net réaliséiert das ech schons praktesch an der Buerg war.