Hëlleeef ! Lënster brennt !
Hat déi do Foto schon op denger Homepage gesin, an fannen se super gudd ! Hun de leschten Weekend probéiert sou eng ähnlëch Foto op der selwechter Platz ze maachen, ass mir awer nët sou gudd gelongen.
Kanns du lacker maachen.
Deng EOS350D brëngt genauesou vill wéi d'Nikon D50.
Ginn awer zou, dass meng Nikon eng Zweetkamera ass an ëch aus der aaler Canonschoul kommen.
Mir kënnen gären zesummen op den Tour goen (idem fir all Fotofrënn).
Fannen Erfahrungsaustauschen immens flott.
Kanns du gären maachen,
zesummen matt aaner Memberen vum Team ginn mir regeléisseg op den Fotostour.
Meeschtens "bewaffnet" op der Juegt no "aussergewéinlëchen" Fotoen.
Egaal op "Einsteigermodell" oder "Semipro", ëtt geht ëm d'Fotografie.
Du bass jo von Crëschtneg, also kein Problem, scheck mer einfach eng Mail
Ëch kucken mol den d'Owend d'Originalfile vun der Cam.
Irgendwéi sinn mer do saachen lousch. Théorétësch waar deen Tour ënnert dem Motto "Xtreme" (Extrembeliichtungen matt Laangzeitbeliichung).
Jo, also vun de Faarwen hir gefällt se mer och ganz gudd. Allerdéngs hun ech och iergendwéi d'Gefill vum Rauschen. Wat mech ausserdem e bëssi stéiert ass dass de Mast lénks sou schief ass. Ech wees, häss du d'Bild gedréint dass e riicht ass, da wieren déi 3 Tierm schief vun dohier hues du alles richteg gemaach. Ansonsten fannen ech ët ëmmer erem schued wann flott Photoen hire Charme duerch sou e Copyright wat d'Opmierksamkeet op sech zidd verléieren. Sorry, mee dat stéiert mech wiirklech an ass och e Grond firwat ech der eng 7 a keng 8 oder 9 gin.