Hei eng Foto vun engem Fototour mam Shantideva an Ben ( www.abrissreif,de ) am letschten Joer. Am ganzen woren mer 4 Stonnen do an nach as et net dur gaangen.
Tjo den Rouer wor do konnt deen net eweg maan. Daat mam Bleckwenckel vun där Sait as esou, dat ech ewer esou vill wei meiglech vun den Maschinen wollt drop kreien.
Vun der aner Sait aus huet den Shantideva eng Foto gemeet, esou dat ech deen Bleckwenkel net festgehaalen hun.
Deng Foto ass awer definitiv besser gin wéi meng. Et huet mol guer keen Wert dass ech déi weisen. D'Platz war interessant awer schwéier ze fotograféieren. Et wier vieleicht och interessant eng Kéier mam Panoramakapp dohin ze goen...
Also ech mengen do hues de Recht, mee et muss een en Panoramakapp mathuelen, well ech mengen soss iwerschneiden sech Fotoen beim Stichen net. Seet mer main Gefill emol .
Wei gesoot muss nach eng Keier dohinner, mee weini wees ech na net. Net vill Zait weinst der Arbescht.