Sorry, déi ass mir och net opgefall. D'Foto un sech sprecht och net immens un an dofir hues du bestemmt och keng Reaktioun drop kritt. Den Message kennt awer un an ech gin dir en och ganz gären zereck! Alles gudds: Hei dann mein Message un dech!
Jo domadden hues du recht, se ass als Foto net richteg uspriechend. Ech muss eierlech gestoen et ass mier och méi dremms gaangen fier Iech alleguer Schéi Feierdeeg ze wënschen. D'nächst Kéier maachen ech se vill méi knalleg, da muss se opfaalen
Villmols Merci och fier däin Message. An nach e schéint Fest!
ech haat se zwar gesin, awer sin nët drun hänken bliwwen ...
sie kënnt bei mir platt eriwer, dh alles eintönig
an fir mech ass Chrëschtdaag iergendwéi ëmmer matt roud verbonnen ... dofir ass deen Faarwtoun do fir mech och guer nët esou unzéiend
ech fannen se och nët ganz scharf, respektiv ass mir perséinlech zevill daers Floues vir
Cadrage mëtteg ... hmmm ...
ët deet mir Leed ët ass elo nët vill positives derbäi,
wann daat dech awer e bessi tréischten kann, ech kann ët nët besser ...
awer du villäicht? bestëmmt?
probéier nach eng Kéier
Och wann villäicht net vill positives derbäi ass wéis du villäicht mengs, zeien ech dach eng positiv Léier drauss. Et kann also just nach besser gin mat mier :o) . Am Original ass den Männchen och roud mat gring.
hmmm...kuerz: et fehlt un schärft, den faarwtoun as afdg an MIR gefällt en guernik! (gesin nik waat moschtergiel mat chreschtdaach zedin hott...)
an dFraistellung as ma eng grimmel ze fluh gerooden uewen sou...(mei scharf Kanten wieren manner opfällech...)
Jo du hues recht, ausser mat deem moschtergiel net
Bei mier um Monitor ass alles an den Beigen Téin. Ech misst mol eng Kéier mein Monitor richteg astellen :o) . Wanns du do eng gudd Manéier wees wéi ech dat kann machen, dann schreif mier w.e.g. eng PM.
Villmols Merci. An nach e schéint Fest!
hmm...also ech hun et eischter als gieltein gesin...sen ma nik secher op et um Bildschirm lait...;o)
igalwei hai eng sait wousde den Kalibrage kans maachen...as gudd fir dei graff Astellungen...fir den Detail kensde leider net laascht eng Spider...
messi!dir o