Do sin ech ganz dem arwa sénger Meenung. Et as eng ausgeglachen Opdeelung vun de senkrechte Linnen an dem dräifach Schwonk an der Waagerechten. Dann as di Regel vun der 3 hei méifach respektéiert. 3 "Stadinselen", 3 Haapttiirm. 3 Interesseiebenen: Himmel, Haiser, Hafebaséng, an di 3 Elementer Loft, Steng, Waasser sin och an engem gudde Verhältnis zueneen. An am Grousse kann ee sou richteg flott durch d'Bild spadséiere goen. Di Kraaner weisen all no rechts a gin d'Richtung un. Dat läscht as elo net grad däi verdingscht, mais et as wi d'Belounung vun der Situatioun fir déng Iddi, hei ee Pano ze maachen. Schéin! *****
Merci Nico fir den Analys.
Beim Opbau haat ech zwar op d'Symetrie (mat den Tierm) opgepasst, fir dat ett sou ausgeseit, wéi wann lenks an rechts gespiegelt wären. Op dreier Regel mat Himmel am Land/Waasser, dem Horizont am Goldenschnatt haat ech och gekuckt.
Mee daat d'Kranen, d'(Bléck)Richtung ungin, war mir nach net opgefall.
wow!gesait baal wei gemoolt aus...besonnech mat dem Himmel
fannen en un sech tiptop mee fron mech wei en wuel ausgesin hett wansde amplaatz fun 32mm bessi mei no gaangen wiers (45mm?) sou verleiert sech neemlch en Deel fun der Wierkung an dem zimlech dominanten Himmel...weesnik...
trotzdem en ganz respektabelt resultat!!
Ech wollt net méi no run, well ech den "dramateschen" Himmel sou wollt drop hun. Dann wär den Horizont och méi an d'Mëtt komm an ech denken daat wär nët sou gudd gin.
jop do hossde allerdings och Recht...den Himmel as schons derwärt...hun ma schons oft sou Wolekken gewönscht wann ech mol nees nemmen ons Letzebeuesch Zopp dropp haat...