Ech hat mol eng aus ganz genau der selweschter Perspektiv gemeet wou ech selwer mat drop sin. Hei sin d'Faarwen an d'Veraarbeschtung dir wirklech gudd gelongen. Gudd geschafft!
Merci. Wor elo op deng HP nach eng Keier kucken an hun missten feststellen dats de Recht hues. Sorry. Sen am gaangen eng weider ze verarbeschten ( Snake ). Hun dei Perspektiv nämlech vun der geklaut dann wees de schons Bescheed. Hun och schons en Titel dovir
...de Wee féiert zwar nët ganz wäit
awer am Eescht: d'Foto gefällt mer, dee mëttége cadrage huet sech fir mech hei obgedrängt, de Graffiti riets an déi zerbrache Fënstere lénks [ass keen Opruff fir Vandalismus ze bedreiwen ] bréngen eng gewëss Dynamik,
dat eenzégt wat mech e bësse stéiert ass den HDR-Effekt, deen ze markant ass: iergendswéi wierkt d'Ausliichtung anormal,
an awer gefällt d'Foto mer gutt,
Jo sen och net vir Vandalismus, hei woren Fensteren ewer schons esou. Daat mam HDR-Effekt as esou eng Saach, well wann ech en hei net ugefannt hätt, wären verschidden Platzen net esou erauskomm wei se hei op der Foto zegesen sen. Dovir hun ech mech vir den HDR Endscheed. Merci vir Kritik