Léift Medchen, mee ebessi eng Alex.lu Foto.
Op mannst huest du am Photoshop ebessi nogebessert. Mee den Hannergrond as natiirlech verräteresch. De Frontalblëtz mescht d'Foto och net méi schéin.
Mee sief lo net roesen mat mir. Ech gesin, dass du nei hei bass an ech well dir net deng Motivatioun huelen.
Gudden Owend,
sinn dir nëtt roosen
Déi Foto gouf och am Melusina gemaach an ass keng richteg Portraitsfoto, éischter een "besseren" Schnappschoss.
Sinn awer iwer all Feedback frou, egaal op positif oder negatif
ech hätt probeiert indirekt zebletzen, also iwert eng mauer vun lenks oder vun riets, oder den bletz mei difuse agestallt, mee am melu geet dat vlait net esou gudd!!??
Wollt indirekt blëtzen, mee ëch hun e puer Problemer matt der Kommunikatioun tëschend dem Metz an der 10D.
Dofir hun ëch mer fir d'Nikon D50 een Nikon SB600 geleescht.
Op deer Plaatz wou ëch d'Chris fotograféiert hun, war eh keng Méiglëchkeed indirekt ze beliichten. War baal mëtten am Sall.