an nach eng Kéier well ët esou gutt ass ...
also wann déi sech nët ganz vir plazéiert ... dann ... dann ...
euhmmm ... bein dann gëlt nach ëmmer den no risk, no fun )
edit:
villäicht bemängelen se déi fehlend Hand ... mee ass awer esou gutt dass een déi och vermëssen kann
Ech gief mol soen dass et genau daat mecht waat daat Bild ausmecht. Wann een sou ganz an der Hektik eng Foto mecht vun enger Persoun déi grad d'Philharmonie erooffällt, dann ass een frou wann een déi Persoun iwerhaapt op d'Foto kritt. (Den Making-Off huet heimat neischt ze din) Mat der ganzer Hand drop gief se secher Fake ausgesin. Zevill "erfekt" wier net gudd hei, gief ech soen... Ech denken des Foto kennt bestemmt ennert déi eischten drei!
an e puer Sekonnen, an am Schreck vun der "reeller" Situatioun(zemols wann ët och nach säin eegen Läusbouw ass! ah jo: Jona, ech muss dir awer elo d'Wourecht soen ... den Harry Potter ass nëmmen eng Fictioun ... jo, jo ...) denkt een sëcherlech nët un den Cadrage an un d'Unweisungen zur perfekter Pose an Mimik
ech denken esouguer dass ët déi éischt kann gin, ouni déi aaner iwerhaapt gesin ze hun
Ouni de Making off ass des net ze verstoen.
Da reicht weess een wat s du eis wells soen.
Hei fehlt mei wi eng Hand, och den Arem ass bal net do,
dee rietsen: an de Sailen verstoppt.
De Making off ass besser wi d Resultat.
Meng Meenung: wann s du se schonn "Falling" nenns, da passt des Mimik net.
Wi gesoot: meng Meenung.
@Jeanny Basic Editing heescht das de ausser Contrast, Farwen, Sharpening, Crop dein Bild net därfs veränneren. Wans de zum Beispill géifs en Pickel ewechretouschéieren; dan bas de schons disqualifizéiert. Regelen sin IMMENS strikt!
@JADE Shanitdeva Maimonides
Fir dëst Bild get et also 2 Méiglechkeeten, entweder Hand um Gelänner an et as en Handstand; oder eben ouni Hand, an Foto kritt eng ganz aaner GEschicht mat e bessi méi Action. Leider as ouni vill Obwand et net dran fir déi 2 Hand mat dropzekréien. Ech wéilt ech haet emmer en 3Meter Trampolin derbei - waat géifen mir eis ameséieren. Soubaal déi obbloosbar Versioun do as...
En weideren Problem as Zait. Normalerweis hun ech 1 Ston fir Contest Fotoen ze machen. No ärem Feedback kann ech dan (selten) eng 2 nachen wou ech Idien mam Opwand ofweien. Et kéint een ZB lo nach Hoer mat Gel stylen fir den Fall besser ze simuléieren, mä un sech sin ech zefridden genuch.
Feelt mer just nach den Titel. " Try landing like a cat..." ???
Dem Jona seng Gesten erennere mech u Fleien (horizontal) awer nach mei u schwammen (lenken Aarem)...
An der Bibel gouef et Jonas dee vun engem Wal erem rausgespaut gin ass (Philharmonie = Bartwal ?!!!)
Also, mat ganz vill Fantasie, Titel: "JONAS"
oder wann de Jona dann awer geif eroffalen: "E pericoloso sporghersi".
Ganz flott Foto, mais de Kontext vum Contest muss ee kennen.