Ech mängen daat wuaren déi schlemmste konditiounen an deenen ech je Fotoe gemaat hun... sou langweileg, käng luucht, keng fuarwen... grujhelegt Wieder... mee bon :) Géif mech awer iwwa e puer kritiken freen...
Gefällt mer ... grad wéinst deem schlechten Wierder, daat bréngt iergentwéi eng ganz aaner Atmosphäre an d'Bild
D'Faarwen gefaalen mer och ganz gudd, mee kann et sin daat d'Gesiicht net ganz schaarf ass?
Daat kéint sin, haat net opgepasst beim verschaffen well wann ech se geschäft hätt hätt een et hei guer net gemiirkt... daat wuar di éicht Foto di ech dee mette gemaat haat an haat den Autofokus falsch agestallt, do huet en op d'Box schaarfgestallt a bei Blend 1.4 ass daat relativ fatal... merci
Iop, ech fannen dei hei och ganz gudd. D'Meedchen stecht wei gesoot ganz gudd eraus an den Bleck fannen ech gudd . D'Moos- oder Gras-Fläsch hannert der Foto gett eng flott Stemmung well et mat erausstecht.
Bon Johny, da muss ech dech hei zwar leider enttäuschen, mee di ass mol net veraarbescht... den RAW ass tel-quel convertéiert, alles op automatesch, kann dat d'orginal méngentweege weisen, d ass genee d'selwescht, d'wuar sou eng stemmung an d'Box haat déi fuarw! Mee kann der jo do keng firwerf maan, du kanns daat jo net wessen... nujee, da wees de et lo
Jo, d'box wuar schon relativ fuarwesch an d'Jacket däischter... also doruner ass wiirklech näischt geännert!
Wäissbalance stoung op Auto haat käng grokaart dabäi, an am RAW ass daat net graad su schlemm...
An du hues do wiirklech naischt nobearbescht?! Wow, hätt ech lo nët geduecht! Wéi krus de dat dann hin mat dem Hannergrond den sou wéi gemolt ass? Dat geet jo awer um Buedem bis praktesch vir hin. Just d'Meedchen an d'Bänk si wiirklech scharf. A wa sou schlecht Wieder war, da sin ech och iwert déi trotzdem nach zimlech intensiv Faarwen verwonnert. Wéi mëss du dat?
Bon, den Johny an de Marc hu jo scho baal alles aklärt... deen Hannergrond kennt duerch déi grouss Blend vun 1.4.
Jo, haat vergiess dabäizeschreiwen, haat e pol-filter benotzt, deen helleft och nach besse bei de Fuarwen andeems en d'spigelungen eräushellt... Merci
Wees dann haut keen mei wei een deitenschaerft ouni photoshop blur kritt???? (eng funktioun dei ech na ni benotzt hun)
Zur foto...also mier gefaellt se...se as lo net sou "lex typical" wei aanerer mee awer och et schlecht. Sedreckt awer eps aus...2 saachen sin awer...eichtens den bleck...ech wees net op et sou gleckleg war dat meedchen rauskukt...also no lenks...2tens...deng schaerft....lex...also wirklech (an dat et een aalt objektiv war as bei DIER keng excuse!!)
Bon du hues secher rem eng aentwert parat an freen mech schon op dei aentwert
Hun daat mam Blur och eintlech na nie benotzt, daat gesäit iergentwéi onnantierlech äus...
Majo mär gefällt se eben och graad wéinst dem Bléck... daat wuar nemlech eng Foto déi ech an der testphase gemaat hun fir d'astellungen firzehuelen, do wuar et scho besse ''genervt'', bon daat ass lo fläit de falschen äusdrock d'wuar jo och kaal
Bon, waat d'schärt ugeet, haat den autofokus nach op ''priorité au sujet le plus proche'' agestallt, well ech deen daag firdrun e manuellt opbejctiv benotzt hun an et da mi eifach geet kat der schärfekontroll... haat scho geduet den autofokus wär futti bis ech gemiirkt hun (no därdote Foto) dat ech e net richteg agsetallt haat
D'wuat keen aalt objectiv, d'wuar den 50mm f1.4 AF (genialt objectiv su niewebäi) mäin 1.8 ass daat wu méi aal ass...
Daat mam ''Lex-typesch'' naja, daat ass ganz relativ ass och e komeschen äusdrock su iergentwéi...
Dass dat heiten nët geblurt ass hun ech mer och geduecht, dat gesäit een iergendwéi, dorëms geet ët nët. Ech photographéieren nach nët laang oder op alle Fall photographéieren ech nach nët laang "bewosst". Ech wëll léieren, an dofir froen ech no. Ass dat wierklech just vum Apparat hier wou dat sou gët, ass do e Filter am Spill oder wat och ëmmer? Wéi genau hänken eigentlech Blend a Beliichtungszäit zesummen? Wéini geet een am beschten wat dovunner wéi änneren? Wier flott wann ët dozou z.B. och en Tutorial giff gin. Dovun ofgesin kréien ech ëmmer méi d'Gefill wéi wann ech mëttelfristeg nët un enger DSLR dru laanscht kommen. Well mat ménger Kamera sin d'Méiglechkeeten awer zimlech beschränkt. Dat fänkt scho mam Focus de ni dat schaarf mëscht wat ech gären hätt.
Blend, waat d'Zuel mei kleng ass, waat ee manner Deiftenschärft huet. Gët Zuel mei grouss (d.h. eigentlech Blend mei kleng), dann gin och Saachen dei bessen mei no hanne sin mei schaarf.
Blend kann ee mei kleng maan wann Deiftenschärft net vill Roll spillt. Mee bei extremen Astellungen gin et dann alt rem verschidden Spezieleffekter wann een daat sou nennen därf.
Laanscht eng DSLR kenns de wirklech net, wanns de lo schonn ufänks d'Nodeeler sou ze gesin bei enger Kompakter.
Äußerdem ass eng Kompakt an der Déift emmer vill vill mei schaarf wei eng SLR (egal op Digital oder net). Waat eigentlech en Nodeel ass ...
Fir miserabel Liichtverhältnisser ass d'Foto awer ganz lieweg. Ass zum deel och dem Amandine säi Verdingscht. den Äusschnett wéi beim Lex scho gewinnt gudd gewielt.
@ all déi bei der Fotografie wëllen bäiléieren, Fortschrëtter maachen a bestëmmen waat Prioritéit am Bild huet a waat nët: souwäit de Fotoapparat et erlabt: Programmautomatik oofstellen an entweder mat Blenden oder Zäitprioritéit schaffen. Tutorials wéi daat ganzt funktionnéiert gët et am Internet masseweis, oder eben daat aalt klassescht Buch. Et lount sech.
Jo, hu bis lo na nie Fotoen bei sou mieser Luucht gemaat, also portraiten... käng Luucht fir dermadder ze spillen, kng Fuarwen fir anzebezéien! Eenzege Fiirdeel, de ganzen Himmel ass eng eezeg rieseg Sofbox, waat d'ophellen vun de Schieter scho vill vereifacht...
Merci
oh mengen daat hei mädel ass bei mir an der schoul
mir gefällt d'foto deck gudd! leif wei et drakuckt an d'faarwen, wei dei aner scho sooten, fannen ech och "dynamesch" genuch
Hehe, awa net alles De Polfilter ännert näischt un de Fuarwe vun der Box! Deen helllt just d'Spiggelung äus dem naase Buedem an de Blieder räus... gudd probéiert awa
Ech soot jo net dass domat lo d'Box gemengt ass.
E Polfilter léisst Liichtwellen (net Strahlen an desem Fall) nemmen ee Wee duerch (also net fir-hannen gemengt mee uewen-ennen), dofir gesäit ee jo och näicht mei demno wei een durch 2 Polfilteren kuckt ... Ass alles Deel vun der Wellenoptik, an do kennen ech mech (leider) äus
Johny, du soos ''daat erklärt su munches'', di kéier firdrun hues de vun der Box an der der Jacket geschwaat... do dänkt all normal stierwlechen dat wanns de daat schreiws och op daat waats de firdru bezitts... op waat och soss vun eppes aaneres hues de net geschwaat?!? Ech gesinn och net waat daat soll erklären...wanns de net vun de Fuarwen geschwaat hues erklärt daat guer näischt, a wann, dann nawell net well et sech an deser situatioun guer net op d'Fuwarwen äusgewiirt huet!
Firwaat leider? Ass dach schéin fir dech, sif frou dats de et wees, di meechet wessen et net!
Lex, ech soot et zwar net mee daat mat der Bearbechtung soot ech net nemmen weinst der Box, daat war just e Beispill, ech hun och z.B. d'Faarf vun de Blieder domat gemengt. An bei denen gët d'Faarf mei propper duerch den Polfilter, eben, well weis de soos, den d Spigelungen räushëllt. Ass dann normal dass dann de Recht mei kloer gët, ënner aanerem och d'Faarwen eben.
Leider well mer d'Wellenoptik während engem Semester op 13e behandelt hun an am fong jidferengem do zum Schluss nogelaaf ass...