Hun déi 3 Photoen aus der Hand eraus gemaach, also keen Stativ well ech däer keent hun (nach nët). Dofir sin se och nët sou ganz exakt d'selwecht cadréiert.
ganz gut idee, flott emgesaat fannen foto och gut
waat mech bessen steiert ass reflexioun vum bletz an cafesflecken an der taas.
mee fir de bletz kann's du net, ech kennen deng kamera
an flecken, bon daat wiren 2 tupfer mam stempel gewiecht am PS
Hm, lo wou's d'ët sees ... ass wouer, hätt déi Kaffisflecken vlaicht ewechmaache kënnen. Op der anerer Säit ass ët sou original, schliesslech huet de Kaffi jo effektiv gesprutzt
d'Reflexiounen vum Blëtz stéieren mech mol weider nët, déi op der Taas fannen ech suguer intressant, déi riets uewen vun der Taas hätt én eventuell kéinten am PS wegstempelen. Ma ouni déi aaner Kommentaren virdrun ze liesen wären se mer mol käum opgefall.
Eng flott Iddi a ganz gudd ëmgesaat, och de Kader an d'Faaref dervun passen ganz gudd. Vu mir och eng *9
Wowo flott Foto (: dei gefällt mir wiklech ganz gutt (: Collage ass flott gemach schein symetresch (: Ech hätt et just besser fund wann dei lecht Photo och nach Drepsen hätt (: oder wann dei lecht keng hued dann soll vir och keng sinn... ass halt meng logic me bon ass een klengen detail