stëmmen zou
awer mir gefällt och déi duebel diagonal Linn, déi duerech déi Pose entsteet an déi floot säitlech Owesluucht,
flott wäer et, wa méi Brillanz an den Aen wäer
brillanz an den aan war bei däer sonn net evident...hätt et bal misste vun der bréck werfen fir datt d'sonn bis bei d'aan komm wier an da wier et schued em daat schéint meedchen geweescht well souvill schwesteren hun ech och rem net
d bild keint allerdengs no lenks meih ob sin an no ritz meih zeou allerdengs ouni dem maedchen sein arm zeschneiden well seng narb ass mega gail ( gail am senn vun dat et net markellos ass an et weist dat all mesch seng fehler hurt. (eng narb ass awer an mengen aan keen scheinhetsfehler(sougur eischter sexy))).
urwen keint seng hand reouech bessi meih vun der rum fort sin, bessi meih freihraum (urwen zeenk cadreihert).
hmm am groh ass se gud wei se ass just meih no urwen obmachen, dat wir wenschenswert.
no lénks konnt ech net méi opmaan well ech do well hu missten méngem Brudder säin Eelebou amputéieren deen ech ze spéit gesinn haat;-)
wuuhu, deen éischten deen d'Läinzeechen uschwätzt ma vu datt hat och enorm selbstbewosst mat deenen awer gudd 20 cm Narb emgeet hun ech se och drageloss
Uuuuuh, daat war zwar lo Ironie an senger purster form xP sou eng narb vun engem Hükoko ... :S an waat d' meedchen selwer ugeet: ganz schéin am ausgesin wei och an der pose... dei narb bild effektiv een onheemlech scheinen kontrast zu deem scheinen gesiicht... stemmmen dem antoine do och zou, wann en seet " et weist dass all mensch sng fehler huet" also net makellos ass... schein interpreteirung vum bild ...
autsch, soen ech do mol dozou... an zum arrogant gin: sollt daat gescheiehen, dann so em einfach, dass et arrogant ass, an dann schleis de em eng, an dann sees de , dei klatsch wier dofir, dass et daat net vergesst ... (hun ech aus iergendsouengem film, daat mat der klatsch) xD
ech hun et selwer net gesi gehaat, mee hat huet daat sou ganz relax erzielt stil: jo an dunn huet d'päerd e saaz op d'säit gemaach an ech si roofgerutscht an du beemol waar mäin eelebou op der falscher säit...