nach eng aus der Vakanz frei moies kuerz iir d'Sonn opgeet .
et ass en Pseudo HDRI aus engem RAW.
Leider rauscht se bessen, mee ech kruut daat irgendwei net besser ewech.
genial foto daat doten, ech muss mech och mol eng keier motiveiert kreien fir sou frei moies obzestoen fir fotoen ze maachen, respekt
drop klicken, wierkt nach vill besser
erem eng flott Aarbecht - auf der Alm da gibt's kei Rua-.
Mech steiert jhüst e bessi, dass d'Hütt, wat jo e Bleckfang duerstellt, vir meng Usicht liicht mei hell an mei défineiert kinnt sin. A punkto Scheld muss ech dem galileo zoustemmen.
D'Seiser Alm Foto ass an mengen Aan dofir besser. Mais wei gesoot nach emmer eng saugudd Foto.
Stark Foto, einfach Top. Mengen mir mussen eng Keier zesuemmen an Vakanz goen. Mir stin moies frei op an ons Dammen kennen dann roueg weider schlofen.
Et mengt een daat waer eng onberouert Platz wou keen geif hinkommen. Waat mir just opgefall as, as daat riets Beem mat der Hütt glaich sen ( kruet daat bei menger 1. Foto bemängelt ), fannen daat zwar net schlemm, mee wollt dech einfach dropper hinweisen