Baff.... sabber fällt roof...
AAAAhh.... daat kannt huet souvill ausdreck an senger mimik..... aaaaaahhhh..... fannen dei foto do meeeega.... aausfliiip
Mee....
Mee....
Mee....
D'hoer lenks vum gesiicht sin onschaaw... soss geing ech dir eng glaad 10 gin
Mär gefällt se gudd, bis dorobber dat se zevill an d'Mett cadréiert ass... an firun allem wéins dem geblurrten hannergrond, daat wiirkt nemlech onnrealistesch!
Den Ensemble sun der Foto gefällt mer tiptop ! Scheine Gesiichtsausdrock and Farwen vum Hannergrond sin super ! Wann een elo an den Detail geet stemmt et effectiv dass Gesiicht zentreiert ass wat dem Hannergrond den Charme klaut and dei lang meche fannen ech hätt net missen sinn.
SUPER!!! Fir mech eendeiteg och eng vun dénge beschte Photoen. Also de Cadrage, respektiv dass d'Gesiicht zevill an der Mëtt wier stéiert mech nu wiirklech absolut nët. Am Géigendeel, fannen ët genau gudd esou. Den Hannergronn passt vun de Faarwen och extrem gudd menger Meenong no. Leider hun ech effektiv och d'Gefill wéi wann de geblurtenen Hannergronn e bëssi mat an d'Hoer beim Gesiicht gaangen ass. Mee dat ass awer nëmme minimal. Fir de Rescht has de do natiirlech och e mega Model Sou eng genial Mimik hun ech nach um ganze Site nët gesin. Top Photo!!!
Ech wéss nët wou hei d'Gesiicht zevill zentréiert ass, et ass nun mol e Portrait, ouni vill Hannergrond, bildfëllend, an ech selwer wir warscheinlich souwäit gaangen lënks op der Foto nach e puer Zentimeter oofzeschneiden, fir dem Hannergrond nach manner Plaatz ze lossen. Daat kéint eventuell é bëssi méi Rouh an d'Bild brëngen, well den Model strahlt genug äus.
Et ass fir mech eng SUPER FOTO a kritt vu mir eng *9