Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sweet Soul!

 
Sweet Soul!
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.01.2006
  • Gekuckt:
    19498
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/60
  • Blend:
    f/3.8
  • Brennwäit:
    22 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    665x1000
  • Späicherplaz:
    100 KB
  • Originaldatum:
    2005:03:02 10:52:07
  • Fotoapparat:
    NIKON D50
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=2936]
Kommentar vum Fotograf:
RoY 17.01.2006 - 22:02
Fotoapparat: NIKON D50 <---

Also vir dei grouss Mark Nikon ass daat do eng Beleidegung! Do sin dei Fotoen dei ech mat mengem Handy maan vun besserer Qualiteit...
rhconcept 17.01.2006 - 22:10
Normalerweis gin ech zu sou Fotoen ké Kommentar oof, ma hei froen ech mech just waat s'de mat där Foto wolls bezwecken. Lo mol just meng subjektiv kritik: do ass a mengen aen awer och guer näischt waat ech gudd dru fannen. Och tëschend Titel a Foto kann ech mir näischt virstellen.
MarcGerard 17.01.2006 - 22:22
ass dach einfach: konscht!
gell brainfucked! closed_eye
brainfucked 17.01.2006 - 22:36
Nennt et wéi der wellt. Ech wees wou meng Absichte leien.
Flait war et och keng absicht an ech ka keng Photoe man,....
n0brein 17.01.2006 - 23:10
mei o mei kanner, net ufänken mat streiden
konscht kann ee stonnelaang diskuteiren, mee ech mengen net datt dese site dee richtegen dofier ass, et kann ee jo ee forum opmaan wou een driwwer diskuteire kann waat konscht ass an waat net, mee dodriwwer get sait eiwegkeeten geschwaat an trotzdem get et na kee resultat, wunn ech di eischte keier biller vum miro (ass lo ee beispill) gesin hun, hun ech se net fier grouss konscht gehaal, mee wann een sech domatter ausenaaner setzt a kuckt waat de kenschtler domatter soe wollt dann gesait een et ganz aanscht...
rhconcept 17.01.2006 - 23:17
Wollt op ké Fall hei streiden, hun an der Tëschentzäit och eng PM vum Brainfucked kruut, wou hén mir seng Ideen an säi Projet versicht huet ze erklären. Ech verstin mech nët als Kënschtler ma an der Fotografie éischter als Handwierker, a vum Handwierker äus gekukkt haat ech e Problem mat där Foto. Vu Konscht wéi dëser, gin ech zou, verstinn ech näischt. Sorry Brainfucked, wollt dech nët attakéieren.
RoY 18.01.2006 - 05:50
Ech well och net streiden an wollt och keen beleidegen, mee et ass schonn schweier ze gleewen dass dei Foto mat enger DSLR geschoss gouf. Well eierlechgesoot geseit se vun der Quali an der Schärft hier net sou aus. Wann daat fleit als Konscht sou geduert war, waat ech jo net wees, dann waert daat wuel gudd sou sin. o_O
Mojoo 18.01.2006 - 18:13
Brainfucked, wollt mol eppes froen. Firwaat setzt du nemmen esou Fotoen op desen Site, dei fir dei meecht sou schweier ze verschtoen oder ze interpreteiren sin? Z.B och dei Foto "Blackbirdjesus". Ech fannen wanns de deng Fotoen schon sou offiziell heihinner setz, dann maach se och fir jiddfereen verschtändlech. Soss kennen mir och keen anschtännegen Kommentar dozou oofgin, wann mir net verschtin em waat et geet.
Paulinus 19.01.2006 - 16:49
Naja, et kann een och net bei alles wat d'Leit schlecht fannen behapten et wir Konscht....
MarcGerard 05.03.2007 - 20:38

also ech fannen dass de brainfucked immens vill gudd biller um site huet. ech respektéieren awer och wa verschidde leit (ech amfong och) mat sou biller wéi deem heiten näischt ufänke kënnen. dat heescht awer nach lang net dass de brainfucked sech elo eis upasse muss. ween 't biller net versteet muss et ebe si loossen. déi leit déi eppe an de biller verstin hun ebe méi routine.

ech perséinlech kann och mat bal kenge biller vun him eppes ufänken, mee aus genee deem grond wieren ech mech och dogéint kënschtler genannt ze gin. ech probéiere meeschtens biller ze man déi fir sech schwetzen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 586 Gäscht online