Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Dat anert Liewen

 
Dat anert Liewen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.07.2008
  • Gekuckt:
    24249
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    165 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x581
  • Späicherplaz:
    468 KB
  • Originaldatum:
    2008:07:13 09:58:40
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
/

Fir anzesetzen: [pg_img=28736]
Kommentar vum Fotograf:
Hei gesäit een op e Plateau matzen an de Bierger. Do liewen d'Leit nach vun de Resourcen déi se selwer hierstellen, dat ganzt geet do komplett anescht, nemmen puer km ewech vun den Touristen.
Mika 22.07.2008 - 13:51
Gefällt mir, virun allem d'Faarwen! Ech hunn och irgendswei d'Gefill, dasste duerch dein gewielten Cadrage et fäerdeg bruecht hues e bessen Uerdnung an dei Landschaft ze brengen...bon ass irgendswei schweier auszedrecken bigsmile
Johny 22.07.2008 - 13:57
Ma ech hun dat probéiert mam Kadrage ze erreechen, gleew mer et war net einfach, mee schéngt dann op manst e bessen geklappt ze hun smile
Maimonides 22.07.2008 - 20:46
1. Wat de Schleier betrëfft: deen ass nun eben mol do: durch Diffraktioun vun nët propperer Loft. Fir waat solls du deen also nët weisen dierfen.
2. Uerdnung an d'Landschaft: ass dat nët ë bëssen arrogant wa mir grieschiche Bauren beibréngen sollen fir Uerdnung an hir Landschaft ze bréngen, fir dass mir besser Fotoën därfe maachen ? Ech menegen dass, wa keng Uerdnung do ass, dat och sou fotograféiert därf gin. Seng Foto kann ee schonn an trotzdem probéieren "op ze raumen".
3. Ouni schrecklich vill PS geet anscheinend neischt méi.
Mir gefällt deng Foto.
Johny 22.07.2008 - 23:00
D'Mika wollt jo just soën dass et net einfach war hei eng Foto ze machen déi net just äusgesäit wéi matzen dran geknipst, mee matt bessen uerdnung, dat huet lo näicht matt de griechesche Bauren ze dinn smile

Merci fir de Kommentar.
mikE 22.07.2008 - 14:33
ech hun daat gefill wei wann d'foto vun ennen no uewen hin mei blatzeg, bzw e schleir kritt.
how come?
Johny 22.07.2008 - 14:34
Dat stëmmt, ass wéinst der Entfernung, d'Loft war net immens propper do an vu dass dat uewen e gutt Stéck méi wäit wech ass wéi daat fiir mierkt een dat hei sou gutt.
Sonny 22.07.2008 - 19:01
Et ass eng kloer Struktur ouni Hinderniss. Kéint een dem Schleier mat engem Pol-Filter entgéint goen?
Johny 22.07.2008 - 23:01
E Polfilter ass keen Allheilmëttel géint alles wat iergendwéi kéint stéiren ... net propper Loft bleiwt net propper Loft, an déi ass och net polariséiert also kann net gefiltert ginn smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 603 Gäscht online