Déi hei erschéngt mer (op alle Fall am Jimmy séngem gesiicht) liicht onscharf!
Waat mech zwar bei 1/800 s wonnert mee bei 1.8 dann awer nees nët!
Do bräuch een nët vill fier mam Fokus Punkt doniewt ze leien!
mee och hei kann ech nëmmen soen: Du bass um richtege Wee an nëmmen weider sou... an der Hoffnung dech mol nees eng Kéier op engem Concert ze gesin.
D'nächst Kéier drénke mer een zesummen!
Jop mir schéngt se och liicht onscharf .. Mee hun der nach aanerer do as d'Gesiit richteg scharf gin
Joo sin net sou oft op Concerten .. Mee mer gesin eis dann jo bestemmt spéidstens nächst Joer rem um Knuedler, hehe
Freet mech dat se der gefällt an merci fir d'Kompliment.
Wei gesot, nach puer Fotoen fenns de op www.flickr.com/photos/big-basti
Ech hätt mei eng kleng blend eben geholl an dann vitesse rof gesaat. well 1/800s ass jo awer bessen vill vir een Concert. Soss awer vum moment an Cadrage gefällt se mer.
1/800s ass nët onbedéngt vill fier e Concert!
Daat hänkt ëmmer vun der Beliichtung oof wann déi stoboskoparteg wiesselt an den Artist dann nach ronderem hopst, wéi vun enger Bei gestach dann ass 1/800s souguer vläicht nach ze mann...
Mee hei ass en nët vill gehopst an ech denken mer dass de Fokuspunkt einfach e bëssen doniewt läit, waat bei 1.8 méi séier geschitt ass wéi's de kucke kann's!
Genau dat selwecht wollt ech och grad schraiwen... Dat ass beim 50mm 1,8 bessen delicat (hunn deen och), am beschten gett et wanns du zou blenden zou mess... op 2,2 ass en optimal...