Dess Keier geschnidden an SW. Mer gefällt se lo besser, hun just een Problem d'Foto ass just 1600 op 1600 pixel grouss ... muss nach eng keier do lanscht an hoffen dass de Jong na emmer spillt :)
Mir gefällt dei aaner och besser… Hei fehlt mer einfach eppes. SW fannen ech hei och net sou gudd…
Dei aaner matt den Breifboiten, Mauren, etc. hudd einfach besser ausgesin, do wor een net einfach matt engem Jong an engem Fussball konfronteiert, mee ass als Betruechter siche gang… Hei ass am Fong alles verluer gang, dat ganzt ass reduzeiert gin…
Op denger eischter hudd een gesin, datt den Jong op engem Bannenhaff spillt, etc., hei ass et einfach nemmen nach de Jong mam Ball.
A mengen Aan ass dei aaner definitiv besser…
hmmm...man lo mol einfa wi wann ech de rescht hai nik gelies hett...;D
mir gefellt des neemlech (och no längerem kukn...) fill besser! :p
eischtens sen ech een Fan fun quadrateschen Fotoen...(ok zielt nik :p)
andann fannen ech den s/w supper agesaat!dTextur fun der Mauer hannen mescht rischtech gudd!
den Kadrage as zwar ZIMLECH enk mee sou geschnidden as daat wichtest drop an scene huet keen iwerflessechen Schnickschnack mei (Breifkeschten oder Kanaldeckelen)
ausserdem as den Schied wekk an dPerspektiv lenkt och nik mei oof (den Buedem as schiif mee HAI gesait een daat nik)
fannen des einfach gudd!!
(Olli haat eng gudd idi...p)
HHhmm... nee daat do am S/W ass net daat rischtgegt.. den cadrage ass menger meenung lo dei besten variant vun allen mee d' faarw kanns de roueg loossen