Kommentar vum Fotograf:
Zwee Deeg no der éischter Foto war ech nach eemol eraus fir déi Fehler ze behiewen déi ech déi éischt Kéier gemaach hun. Ech hun den Batteriegrëff vun der Kamera geholl fir se méi liicht ze maachen, ech hun den Gorillapod anescht ugemaach fir dass en manner fiedert, ech war mer eng glaat Strooss sichen wou d'Hecken nobäi waren an ech hun mech vun ënnen beliicht fir d'Schieter ze fëllen. Den Gary huet mer och proposéiert mech méi an d'Kéier ze leeën, mee dat huet net sou geklappt.